Den Darknet - Déi meescht wäerte schonn emol dovun héieren hunn, deen een oder anere war och villäicht scho mol do ënnerwee. Ma déi meeschte Leit héieren awer dacks just dovu schwätzen, wann am Darknet rëm kriminell Aktiounen opgeflu sinn an an de Medien doriwwer geschwat gëtt.

27/02/2025 Extrait Steve Müller Beesecure - Wat ass den Darknet? 8h40

Ma wat genee ass den Darknet? Dat huet eis de Cybersecurity Expert vu BeeSecure, de Steve Müller erkläert.

Also den Darknet ass eigentlech just e Service am Internet, deen ee mat engem ganz spezielle Programm benotze kann, den sougenannten Tor Browser, an op deen een Inhalter kënnt, mat deem een ouni dee Programm alt net kënnt. Natierlech, wann een elo dohinner geet a kucke geet, ass dat näischt Illegales, mee et kann een illegal Saachen do maachen an et kann een illegal Saachen do kafen.

Den Darknet gëtt och gären als virtuelle Schwaarzmaart gesinn. Dat gëtt doduerch erméiglecht, dass hei eng héich anonymitéit garantéiert ass. Ginn ech op d’Internetsäit RTL.lu, da sinn ech e physesche Client, deen direkt op e Server zougräift, deen och iergendwou physesch steet. Beim Darknet leeft dat anescht.

Déi Technologien, op déi een deen opbaut, ass dorop ausgeluecht, dass déi Verbindung net direkt hiergestallt gëtt, mee eeben iwwer dräi Plazen op der Welt, ech soe weidergeleet gëtt, déi alleguerten anonym sinn an déi och permanent wiesselen. Dat heescht, dat kann een theoreetesch novollzéien. Och eng Police kann dat theoreetesch maachen. Dat ass just, dat kascht extreem vill Efforten an dauert och extreem vill Zäit.

Dobäi war d’Iddi vum Darknet ursprénglech eng ganz aner

Also den Darknet war ursprénglech geduecht fir ebe Repressioun, Masseniwwerwaachung an Änleches ze ënnerdrécken, respektiv de Leit e Moyen ze ginn, dat ze ëmgoen.

Ma och dat ass hautdesdaags net méi iwwerall méiglech. An enger Partie betraffe Länner gouf nämlech radikal den Zougang zum Darknet blockéiert respektiv et mécht ee sech schonn eleng strofbar doduerch den Darknet ze notzen.