... 51 Joer starten d'Veronica an de Colin Scargill zu New York hiren Tour ëm d'Welt op engem Tandem. Annerhalleft Joer a 29.000km méi spéit kënnt di brittesch Koppel un.

25/02/2025 Haut virun...

1899 grënnen di franséisch Bridder Louis, Marcel a Fernand Renault hir Autosfirma. De Louis këmmert sech ëm Entwécklung a Produktioun, di aner 2 ëm d'Administratioun. Nieft Autoe bauen se och Camionen an Taxien. Haut gehéiert Renault zesumme mat Nissan a Mitsubishi zu engem grousse Grupp.

1912 stierft de Grand-Duc Wëllem IV., an duerch eng geännert Reegel an der Trounfolleg gëtt seng Duechter Marie-Adelheid di éischt Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg. Well si awer nach net just volljäreg ass, iwwerhëlt hir Mamm Maria Anna bis Mëtt Juni den Troun.

De Nikita Chruschtschow schwätzt 1956 op engem Parteidag vun der KPdSU iwwert de Persounekult a seng Suitten. Am Kader vun der Entstaliniséierung an der Sowjetunioun rechent hie mam Stalinismus of an d'Fronten tëscht Ost a West entdeeën an der Suite e bëssen.

Haut virun 61 Joer gëtt de Cassius Clay fir di éischte Kéier Boxweltmeeschter am Schwéiergewiicht, wéi en zu Miami géint de klore Favorit Sonny Liston gewënnt. Fir de Réckmatch Enn Mee huet de Clay zum Islam konvertéiert a nennt sech vun do un Muhammad Ali. Och dee Kampf gewënnt en.

1972 geet am Jemen eng Fligerentféierung onbluddeg op en Enn. 5 palestinensesch Terroristen haten den Dag virdrun en Jumbojet vun der Lufthansa entféiert. Kenger vun den 187 Persounen u Bord geschitt e Leed. Fir d'Bezuele vu 5 Milliounen Dollar Léisegeld gëtt di däitsch Regierung duerno schaarf kritiséiert.

2009 gëtt eng international Ekipp vu Wëssenschaftler fäerdeg mam Opmoosse vun de sougenannte Gamburtsev-Bierger, déi komplett ënner dem Äis vun der Antarktis verstoppt sinn. Den héchste Punkt huet eng Héicht vun 3400m. D'Äis dodriwwer ass nach emol tëscht 1 a 4km déck. D'Topographie vun deene Bierger ass zanter mindestens 14 Millioune Joren onberéiert.

1873 kënnt den italieeneschen Operesänger Enrico Caruso op d'Welt. Hie gëllt als berüümtsten Tenor vum fréien 20. Joerhonnert a gëtt no sengem Doud 1921 zu Neapel wärend Joren an engem Mausoleum an engem gliesene Sarg opgeboort.

1913 ass et d'Gebuert vum Karl Gerhard, genannt Gert Fröbe. Den däitschen Acteur gëtt 1964 weltberüümt an der Roll vum Auric Goldfinger am drëtten James-Bond-Film. Seng leschte Roll huet de Fröbe Enn den 80er an der Schwarzwaldklinik.