
© Pixabay
... 210 Joer verléisst de Napoleon Bonaparte säin Exil op der Insel Elba, a mécht sech op de Wee a Richtung Frankräich fir do rëm d'Muecht z'iwwerhuelen. Et sollt di sougenannten "Herrschaft vun den 100 Deeg" ginn, déi mat der Néierlag zu Waterloo endegt.
1852 geet viru Südafrika e brittescht Schëff ënner. Nëmmen 193 vun de 643 Leit u Bord iwwerliewen. Bis dohin war et Gebrauch, datt am Noutfall jidderee no sech selwer kucke muss. De Kapitän an e Lieutenant ginn hei awer de Kommando aus "Fraen a Kanner fir d'éischt". Des ginn doropshin all gerett - di 2 Responsabel dofir erdrénken.

© Pixabay
Mat 3 Deeg Verspéidung wéinst schlechtem Wieder start 1966 fir di éischte Kéier der NASA hiert Apollo-Raumschëff an de Weltall. De Countdown hat moies nach 3 Sekonne virum Start mussen ofgebrach ginn. Di onbemannte Kapsel iwwersteet den Testvol ouni gréisser Problemer. 3 Joer méi spéit geet et mat Apollo 11 op de Mound.
1981 brécht een TGV mat 380km/h e 26 Joer ale Weltrekord fir Schinnegefierer. 2007 gëtt dee bis haut gültege Rekord vu 574.8km/h opgestallt. Och vun engem TGV. D'Gefier huet säi Numm net gestuel.
De brittesche Physiker Tim Berners-Lee presentéiert 1991 d'Software vu sengem sougenannte WorldWideWeb. Dësen éischten Internetbrowser verbreet sech ugangs a Fuerschungslaboen an op Universitéiten, éiert en 5 Méint méi spéit der Allgemengheet presentéiert gëtt.
1993 explodéiert an der Déifgarage vum World Trade Center zu New York eng 700kg schwéier Autobomm. Islamistesch Terroriste stiechen hannert der Dot - 6 Leit verléieren hiert Liewen, Honnerte gi blesséiert. De Plang, di 2 Tierm astierzen ze loossen, gëtt 8 Joer méi spéit awer nach realiséiert.
2001 ënnerschreiwen d'EU-Staats- a Regierungscheffen den Traité vu Nice. Dëse betrëfft ë.a. d'Erweiderung vun der EU, an dass a ville Beräicher Beschlëss mat qualifizéierter Majoritéit amplaz vun Eestëmmegkeet zur Reegel ginn.
Zu New Orleans kënnt 1928 den Antoine "Fats" Domino Jr. op d'Welt. De mockelege Museker huet virun allem an de 50er Jore seng grouss Zäit an zielt zu de Pionéier vun der Rhythm n' Blues Musek.
Ee vun de grousse Staren an der Country-Musek gëtt 1932 gebuer. De Man in Black - den Johnny Cash verkeeft a senger laanger Karriär 90 Millioune Placken a gewënnt 13 Grammyen.