© afp
Gëschter Owend war d'Ouverture-Zeremonie vun der 75. Berlinale, déi vum Désirée Nosbusch mat grousser Klass moderéiert gouf. Hei krut och d'Actrice Tilda Swinton e Gëllenen Éierebier fir hir Carrière iwwerreecht. Déi aussergewéinlech Actrice huet och eng fulminant Ried gehale wéi se Merci gesot huet. Mä all waren och gespaant op den Ouverturesfilm an dem Tom Tykwer säin neistent Wierk. De Joy Hoffmann huet den Iwwerbléck.
Den däitsche Realisateur Tom Tykwer gouf 1998 weltwäit bekannt duerch säi Film "Lola Rennt" mam Franka Potente a Moritz Bleibtreu, an hien huet zulescht déi excellent Däitsch Serie "Berlin Babylon" kreéiert a realiséiert. Do dertëschent hat en zesumme mat de Washowki Geschwëster "Cloud Atlas" geschriwwen a realiséiert, e pretentiéisen, konfusen 100 Millioune Blockbuster.
© © Frederic Batier / X Verleih
Säin Ouvertures Film DAS LICHT, mam Lars Eidinger a Nicolette Krebitz an den Haaptrollen, ass leider och en total iwwerluedene, bal 3 Stonne laange Wälzer. E beschreift eng dysfunktional Famill vun haut, déi confrontéiert gëtt mat esou ongeféier allem wat een u Problemer an onser Gesellschaft opdreiwe kann. Se gëtt um Enn gerett a geheelt, vun hirer héich gebilte syrescher Botzfra, déi niewent hire psychotherapeutesche Fäegkeeten, och nach laang a breet alles erkläert, wat ee längst verstanen hat, a souwisou schonn an honnert anere Filmer vill besser gesinn huet.
Méi iwwerzeegend war dogéint den Timothée Chalamet, deen haut den Owend de Star um Rouden Teppech vun der Berlinale ass. Am Film "A COMPLETE UNKNOWN" interpretéiert hien net nëmmen de Bob Dylan op magistral Manéier, mee hie séngt och selwer seng Lidder.
© © Macall Polay / 2024 Searchlight Pictures All Rights Reserved
Mir gesinn d'Evolutioun vum jonken Dylan als Zeien an och als Acteur vun dem grousse politeschen a kulturellem Ëmbroch an de 60 er Joren an den USA . D'Lidder kommentéieren, éischter klassesch, d'Geschicht vun engem jonke Kënschtler, dee sech net embrigadéiere léisst, deen sech ëmmer nei wëllt erfannen. Dobäi bleift hien awer en enigmatesche Personnage, vis à vis vun deem de Realisateur ëmmer op enger gewëssen Distanz bleift. Et sinn dann och d'Reaktiounen an d'Blécker vun de Personnagen, déi en entouréieren: seng zwou Frëndinnen d'Joan Baez an d' Suz Rotolo, de Pete Seeger, de Johnny Cash, déi, ouni vill Wierder villes iwwert de Personnage aussoen, an och niewend der Stäerkt vu senger Musek, fir d'Emotiounen am Film suergen. Zesumme mat dem rezenten "Better Man" iwwert, a mam Robbie Williams, zielt A COMPLETE UNKNOWN zu de wuel iwwerzeegendsten a maträissenste Biopics vun de leschte Joren.
De Film leeft den Owend an enger Avant-Première och zu Lëtzebuerg, an zu Berlin gëtt et och haut richteg eescht mat den éischte Filmer a Competitioun.