
© Pixabay
... 125 Joer gëtt den FC Bayern München gegrënnt. Nodeems et beim Futtballveräin MTV München zum Sträit kënnt, splécke sech 11 Spiller of a forméieren hiren eegene Club, deen haut ee vun de gréissten an erfollegräichste weltwäit ass.
1693 kënnt ënnert dem Titel The Ladies' Mercury di éischte Fraenzäitschrëft vun der Welt eraus. E Londoner Buchhändler huet déi Iddi, mee scho nëmme puer Woche méi spéit gëtt se rëm gestoppt. D'Zäit ass nach net räif fir sou eng Zeitung...

© Pixabay
1933 brennt d'Gebai vum Reichstag zu Berlin. Presuméierte Brandstëfter ass anscheinend e lénksorientéierten Hollänner - genee opgekläert gëtt d'Ursaach awer ni. Den Dag drop setzen d'Nazien d'Grondrechter vun der Weimarer Republik ausser Kraaft a legaliséieren domat d'Poursuite vu politesche Géigner.
De Film It happened one Night gewënnt haut viru 90 Joer all d'Oscaren an de 5 Haaptkategorien. Duerno geléngt dat Konschtstéck just nach 2x an der Filmgeschicht. One flew over the Cuckoo's Nest 1976 a Silence of the Lambs 1992 kënnen och jeeweils di sougenannte Big 5 gewannen.
1951 trëtt an den USA den 22. Zousazartikel vun der Verfassung a Kraaft, deen d'Amtszäit vun engem President op maximal zwou Periode limitéiert. Ausléiser dofir war dem Franklin D. Roosevelt seng 4. Amtszäit vu 1944. Hien ass bis haut deen eenzege President, dee méi wéi 1x erëmgewielt gouf.
1996 kommen a Japan di éischt Pokémon Spiller op de Marché. Si entwéckele sech onerwaart zu engem grousse Succès an hëllefen dem Game Boy nach eng Kéier op d'Been, deen eigentlech schonn out ass. Enn de 90er ass dann di ganz Welt am Pokémon-Féiwer, mat Anime, Sammelkaarten a soss Merchandising. Den Trend hält bis haut un.
2008 huet d'Comédie Bienvenue chez les ch'tis vum Dany Boon Premiere an de franséische Kinoen. De Film iwwerhëlt La grande vadrouille vu 1966 an ass no Titanic nëmme knapps den zweeterfollegräichste Kinosfilm a Frankräich iwwerhaapt.
Haut virun 11 Joer lande russesch Truppen op der ukrainescher Hallefinsel Krim, nodeems d'Evenementer um Euromaidan zum Fall vun der prorussescher Regierung gefouert haten. No engem inzeenéierte Referendum iwwert der Krim hire Status gëtt se 3 Woche méi spéit vun de Russen annektéiert.