Mir si matten an der Fuesvakanz. An do zitt et vill Lëtzebuerger an d'Bierger. Ma et muss een net ëmmer wäit renne fir flott Saachen ze erliewen. Wéi wier et zum Beispill fir mol e klengen Tuer an de Biodiversum zu Remerschen ze maachen?

17/02/2025 Bicherwoch am Biodiversum

Do ass e Samschdeg nämlech d'Bicherwoch ugaangen. D'Iddi hannendrun? Grouss a Kleng flott Bicher iwwert d'Natur méi no ze bréngen. Kerstin Rose, Naturpedagogin am Biodiversum:

"Mir verkafe ganz vill flott Bicher allgemeng iwwert d'Natur a ganz vill verschiddenThemen. Et lount sech op alle Fall fir mol laanscht ze kommen a sech och e bëssi hei vun eis beroden ze loossen. Nieft deene ville Bicher hu mir och Atelieren a Liesunge fir Grouss a Kleng déi ganz flott sinn a jidderengem vill Spaass kënne maachen."

Do wier et ënnert anerem den Open Mic en Dënschdeg den Owend deen een net verpasse sollt:

"Dat ass extra cool, dat hu mir hei nach ni gemaach. Dat ass wierklech en Owend wou e Mikro op enger klenger Bün opgebaut gëtt wou jidderee laanscht komme ka fir e klengt Gedicht virzedroen, fir eppes virzeliesen, fir eppes ze sangen. Jiddereen dee kreativ ass an eppes ze soen oder matzedeelen huet, ass do ganz häerzlech wëllkomm fir dat virzedroen."

Déi ganz Woch iwwer geet et dann nach mat verschidden Aktivitéiten a Liesunge weider bis de Weekend wou dann och nach fir den Ofschloss de Programm gutt gefëllt ass:
 
"Samschdes den 22. hu mir vu 14 bis 20 Auer Plaz fir Gesellschaftsspiller zesummen ze spille ronderëm d'Natur, dat heescht do hu mir hei eng Rei wierklech flott Spiller déi mir zesummen opbaue wëllen an déi mir dann op verschiddenen Dëscher ubidden a spille wëllen. An dann hu mir och Sonndes den 23. Februar vu 14 bis 20 Auer  nach d'Bicherfabrik an dat gëtt richteg cool. Do gëtt sou eppes wéi e klengt Fléissband opgebaut wou Kanner kënnen zesummen e Buch gestalten."

Fir déi meescht Aktivitéiten déi gebuede ginn, wier et wënschenswäert sech am Viraus unzemellen.

"Dat kann een einfach iwwert biodiversum@anf.etat.lu maachen oder och einfach uruffen. Fir verschidde Saache kann een och einfach spontan laanschtkomme wéi zum Beispill beim Open Mic oder och fir de Spillnomëtteg, do ass et net néideg sech unzemellen."

De ganze Programm fënnt een hei: