... 33 Joer wëllt di amerikanesch Justiz op enger Ranch am texanesche Waco eng Razzia duerchféieren. Vun de Bewunner déi enger Sekt ugehéieren, gi se awer ugegraff a 4 Polizisten erschoss. Di nächsten 51 Deeg gëtt de Site vum FBI belagert, duerno stierme se d'Haus. Beim uschléissende Brand stierwe 76 Membere vun der Sekt.

28/02/2025 Haut virun...

1857 geet den éisträichesche Feldmarschall Josef Radetzky von Radetz an d'Pensioun. No 72 Joer Déngscht ënner 5 verschiddene Keeseren an 146 Auszeechnungen ass et d'Rent fir de 90 Joer ale Militär. D'Joer drop stierft en. Schonn 1848 hat de Johann Strauss him zu Éieren de faméise Radetzky-Marsch komponéiert.

1946 kënnt a Frankräich di éischt L’Équipe eraus. Mam Ënnertitel le stade, l'air, la route gëtt se fir d'éischt 3x d'Woch gedréckt. E gudde Mount méi spéit ass et dann, bis haut, di deeglech Editioun vun der bekannter Sportszeitung, déi och e wëchentleche Magasinn produzéiert an eng eegen Tëleeschaîne bedreift.

RTL

© Tom Nols

1970 triede Led Zeppelin zu Kopenhagen op. Si mussen awer hire Bandnumm änneren, well eng Enkelin vum Loftschëff-Erfinder Ferdinand von Zeppelin net wëllt, dass hire Numm mat där Zort Musek beschmotzt gëtt. De Grupp nennt sech kuerzerhand The Nobs fir een Owend. Domat spille se un op de Schwäizer Claude Nobs, Initiateur vum Jazz Festival zu Montreux.

1975 kënnt et zu London zum schwéierste Metrosaccident an der Geschicht vu Groussbritannien. En Zuch vun der Northern Line krit um Arrêt vu Moorgate net gebremst a rennt an d'Enn vum Tunnel. Dobäi kommen 43 Mënschen ëm d'Liewen. Di genee Ursaach vum Accident ass bis haut net gekläert ginn.

D'Hannergrënn vum Mord um Olof Palme sinn och nach ëmmer net opgedeckt. Zu Stockholm kënnt de schwedesche Premier mat senger Fra aus dem Kino a gëtt vun engem Onbekannte néiergeschoss. De Palme stierft op der Plaz, seng Fra gëtt nëmme liicht blesséiert. An der Suite kënnt et bei den Ermëttlungen zu ville Pannen a falsche Verdächtegungen.

Haut virun 32 Joer wëllt di amerikanesch Justiz op enger Ranch am texanesche Waco eng Razzia duerchféieren. Vun de Bewunner déi enger Sekt ugehéieren, gi se awer ugegraff a 4 Polizisten erschoss. Di nächsten 51 Deeg gëtt de Site vum FBI belagert, duerno stierme se d'Haus. Beim uschléissende Brand stierwe 76 Membere vun der Sekt.

Haut virun 23 Joer kënne mir alleguer eng leschte Kéier mam Lëtzebuerger Frang bezuelen. Fir sämtlech Landeswärungen aus der Eurozon ass et de leschten Dag am Handel, no Mëtternuecht gi se duerch den Euro ersat. Ëm di 860.000 där aler Frang-Schäiner sinn iwwregens bis haut net ëmgetosch ginn.

RTL

© rtl.lu