Den 1. Festival des cabanes gouf et 2007. Mat vill Succès, esou datt dësen net all Joers, mä ëmmer nees organiséiert gëtt. Dëst Event, Concours a Festival riicht sech un déi Jonk vun 12-26 Joer a gëtt vum Service national de la jeunesse an dem Ordre des Archtitectes et Ingénieurs-conseils, dem OAI organiséiert. Den Numm ass Programm, wéi d'Corinne Scheer vum SNJ erkläert.

14/02/2025 Festival des cabanes 2025

Eng Cabane, eng Hütte, déi déi Jonk selwer entwerfen, opmolen an da kënne se se bauen.

Muss een dann, wann een matmécht bei dësem Concours mat Fokus op Konstruktioun a Kreativitéit, schonn s en Ass an der Architecture sinn?
Natierlech kritt een Hëllef. Et ass esou, dass déi Jonk, déi wëlle matmaachen, déi kënne vun Architekten, Ingenieuren, Urbaniste begleet ginn, déi hëllefen hinnen da bei deem ganze Prozess vum Opmolen, vum statesch richteg bauen, dass et stoe bleift, kreativ ginn an esou weider.

De Festival des cabanes gëtt de jonke Mënschen d'Méiglechkeet mol en Abléck an d'Welt vum Bauen ze kréien an hir Kreativitéit ze fërderen.
Mir hunn och dëst Joer d'Theema Märchen, ech mengen do ass jo wierklech der Kreativitéit fräie Laf gelooss. Dann ass et och d'Architektur, sou dat ganze Bauwiesen de Jonke vläicht e bësse méi nozebréngen, fir den zukünftegen Ingenieur, dee wëll hei schaffen zu Lëtzebuerg. An och d' Handwierk, well dat ass natierlech erëm eppes ganz aneschters, wann een esou analog en Hummer an de Grapp hëlt an den Nol aschléit.

Dës Bude sollen den Dimensioune vun 20 Quadratmeter entspriechen, déi dann am Stater Park opgeriicht ginn. An och Richtlinne mat wat ee baue soll, si ginn.
Wat eis do ganz um Häerze läit dëst Joer, ass dass et e bësse méi ecoresponsabel gëtt, well och allgemeng déi ganz Branche vun der Architektur wëll ëmmer méi en déi ecoresponsabel Richtung goen, a well mir dëst Joer mat der LUGA an der Partnerschaft sinn, ass d'Theema dann éischter sou recycléiert Material ze sichen oder vun der Economie solidaire e bëssen ze profitéieren, ze kucke wat ee vläicht lénks a rieds fënnt.

Bis den 21. Mäerz kann een elo säi Projet erareechen an da setzt sech e Jury zesummen, deen déi kreatiivste Projeten erauswielt. Krittären, Formulaire an Oflaf fannt Dir op cabanes.lu. Wann een den ok krut fir derbäi ze sinn, da gëtt gebaut an dann?
Nom Bauen gëtt natierlech e grousse Vernissage gemaach, fir jiddwerengem ze felicitéieren, deen ee matgemaach huet. An da wärend 3 Woche bleiwen déi Kabannen och tatsächlech am Stater park stoen. Do wäerte mer sou Visite guidéeën organiséieren, do kann jidderee laanscht kommen, dat ass jo fir de Grand Public dann oppen, da gesäit och jiddwerengem wat fir flott Kabanne gebaut gi sinn.
 

Keng Angscht, et brauch keen eleng eng Cabane ze bauen, och wann ee sech net als Grupp kann umellen. Also wann ee Loscht huet bei dësem spannende Projet derbäi ze sinn, da mellt Iech un. Detailer fannt Dir hei fir de