
© RTL / Jörn Strojny
Wann ee vum Motsi Mabuse, Jorge González a Joachim Lambi schwätzt, da geet et natierlech ëm 'Let's Dance'. D'Jury ass bliwwen, awer um Parquet wäerte sech vun den Owend 20h15 un, 14 Promien dru gi fir eng méiglechst gutt Figur ze maachen. Prominent si se duerch d'Schauspillerei, de Sport, d'Musek, als Realitystar oder Influencer, awer mat danzen hu si alleguerten net vill um Hutt, bis elo.

© RTL / Jörn Strojny

© RTL / Jörn Strojny

© RTL / Jörn Strojny

© RTL / Jörn Strojny
Haut den Owend ass d'Kenneléiershow, wou een ufänkt waarm ze ginn, a wou sech erausstellt wéi e Promi mat wéi engem Profidänzer duerch déi nächst Woch danzt, am Training a Freides bei der Show. Aus der Musekbranche traue sech zum Beispill de Ben Zucker an d'Jeanette Biedermann un déi grouss Challenge erun.

© RTL / Jörn Strojny

© RTL / Jörn Strojny
Gewieweg huet de Fabian Hambüchen als Turner misste sinn. Awer huet hien och Rhythmus am Blutt a wéi gesäit dat beim Fils vum Verena Pooth aus? Kann den Diego sech op Musek beweegen?
Dës Woch kann nach keen erausfléien, awer vum nächste Freideg u gëtt et Woch fir Woch méi eidel op der Danzpist, bis sech dann erausstellt wien d'Jury an de Public am meeschte begeeschtert huet an 'Dancing Star 2025' gëtt. Rdv um 20h15 um däitschen RTL.