
© Pixabay
... 129 Joer entdeckt de franséische Physiker Henri Becquerel bei Versich mat Fotoplacken an Uransalzer eng nei Form vu Stralung. D'Marie an de Pierre Curie nennen des 2 Joer méi spéit Radioaktivitéit. 1903 kréien di 3 Wëssenschaftler dofir zesummen de Nobelpräis an der Physik.
1907 ass et de Startschoss fir den éischte japaneschen Autoskonstrukteur. D'Firma Hatsudoki Seizo gëtt 1951 an Daihatsu ëmbenannt an deet sech 16 Joer méi spéit mat Toyota zesummen, déi 2016 di bekannte Mark fir kompakt Gefierer komplett iwwerhëlt.
1938 gëtt a Südkorea Samsung gegrënnt. De Numm bedeit iwwersat 3 Stären. D'Zuel 3 gëtt a Korea mat vill Positivem a Verbindung bruecht, an si wëlle sou hell strale wéi Stären. Nieft dem bekannten Elektronik-Secteur ass Samsung awer och erfollegräich am Beräich vu Liewensversécherungen, Schëffbau, Batterien a Moud.
No der Kris ëm d'Mandschurei installéiert Japan 1932 de Marionettestaat Mandschukuo. Staatschef gëtt de fréiere chineesesche Keeser Puyi. International gëtt dat vermeintlecht Land awer just vun 23 Natiounen unerkannt. 1945 gëtt Mandschukuo vun den Alliéierte rëm opgeléist an d'Gebitt geet zréck u China.
1973 brénge Pink Floyd hire Konzeptalbum The Dark Side of the Moon eraus. Eng Aart vertounte Bild iwwert di verschidde Forme vun Drock am Alldagsliewen an d'Reaktiounen dorop. Touningenieur ass ee gewëssen Alan Parsons. Mat knapp 50 Milliounen Exemplairen ass et de véiertmeeschtverkaaften Album iwwerhaapt, an e stoung (bis elo) wärend 990 Wochen an de Billboard Charts.
Zu Zürich gëtt 1983 d'Swatch Auer virgestallt. Mat der bëlleger Plastikauer soll de Schwäizer Aueremarché géint d'Konkurrenz aus Asien gestäerkt ginn. Wat gelénge sollt. Geschwënn gëtt Swatch trendy a vill Sonnermodeller zu Sammlerobjeten. Haut ass et mat ronn 400 Milliounen Exemplairen di meeschtverkaaften Aarmbandauer vun der Welt.
No Asien a Nordamerika dierf Europa sech 1997 dann och iwwer di nei Nintendo64 Spillkonsol freeën. Trotz Super Mario an der séierer 64-Bit-Technik ass d'Konkurrenz vu Sony mat hirer PlayStation méi erfollegräich. No 6 Joer verschwënnt Nintendo64 rëm vum Marché - net onbedéngt als Flopp, mee 33 Millioune Konsole si mol net en Drëttel vun der PS1.
2003 gëtt a Pakistan de Chalid Scheich Mohammed festgeholl. Hie steet am Verdacht, d'Uschléi vum 11. September geplangt ze hunn. Ënner Folter am Gefaangenelager Guantanamo gëtt den Terrorist dat och Jore spéider zou - grad sou wéi 31 aner Attentater. Virun 8 Méint gëtt seng Doudesstrof a liewenslaange Prisong ëmgewandelt.
1810 gëtt de Frédéric Chopin gebuer, franséisch-polnesche Komponist.
1904 kënnt de Glenn Miller op d'Welt, US-amerikaneschen Jazz-Trombonnist, Bandleader, Komponist an Arrangeur.
1927 ass et d'Gebuert vum Harry Belafonte, US-amerikanesche Sänger.
31 Joer al gëtt haut den Justin Bieber, kanadesche Popsänger.
D'Weltorganisatioun fir Meteorologie huet den 1. Mäerz als meteorologesche Fréijoersufank op der Nordhallefkugel vun der Äerd festgeluecht.

© Pixabay