E Freideg waren déi éischt Competitiouns Filmer zu Berlin um Programm mat enger Lëtzebuerger Bedeelegung, an och d'Weltpremière vum Science-Fiction Film MICKEY 17 mam Robert Pattinson. Vun der Berlinale, den Joy Hoffmann.

16/02/2025 Berlinale: Hot Milk & Mickey 17

Grouss Erwaardunge goufen an den englesche Film a Competitioun HOT MILK gestach, an deem d'Vicky Krieps niewent dem Emma Mackay an dem Fiona Shaw eng vun den 3 Haaptrolle spillt. Éierlech gesot, wann d'Vicky net am Film gewiescht wär, hätte mer wuel kaum iwwert dëse Film geschwat, deen am allgemenge wéineg Begeeschterung ausgeléist huet.

RTL

© © Nikos Nikolopoulos / MUBI

De Problem läit hei net bei der Interpretatioun vun de Frae Personnagen, déi allen dräi am Film mat traumatesche Familljen-Erliefnisser ze kämpfen hunn. D'Duechter ass un hir scheinbar geläämte Mamm gefesselt, an d'Vicky spillt eng Zort bisexuell Amazonin, déi zenséiert ass befreiend op d'Duechter ze wierken. Net nëmmen ass der Vicky Krieps hire Personnage besonnesch iwwerflächlech. Soss wierkt och Alles  schrecklech previsibel, artifiziell, a platt inzenéiert, mat enger opdränglecher Symbolik, déi ni e richtegen Handlungsfloss opkomme léisst, an och kaum en emotionale  Bezuch zu de Personnagen zouléisst. En excellente Roman als Virlag a gutt Schauspillerinnen, maachen net onbedéngt e gudde Film. D'Rebecca Lenkiewicz, eng anerwäerts  unerkannte Szenaristin, huet sech hei bei hirem éischte Film als Realisatrice manifestement iwwerholl.

RTL

© © 2025 Warner Bros. Entertainment Inc. All Rights Reserved

Do dogéint huet dee mat vill Spannung erwaarten MICKEY 17 mam Robert Pattinson säi Soll erfëllt. De Koreanesche Realisateur Bong Joon Ho, ass no sengem exzeptionellen an Oscar gekréinte "Paradise" erëm zeréck komm op méi e klasseschen Action a fantastesche Kino, deen hien a Filmer wéi "Snowpiercer" "Okja" oder "The Host" perfekt maîtriséiert hat. E Resumé vum Film ze maachen, mat seng komplexer awer liicht verständlech Struktur géif laang Zäit brauchen. Soe mer just, dass de Mickey säi Liewen dermat verdéngt ëmmer erëm ze stierwen, an dat op enger Missioun an de Weltall fir e Planéit ze koloniséieren, wou d'Mënschheet kann emigréieren, mee wou awer onerwaart schonn aner Wiesen hiert Doheem hunn.  De Leader vun der Missioun ass e megalomanen an autoritäre Fantast, deen sech, villäicht ze eendeiteg, un engem Elon Musk oder Donald Trump inspiréiert. De Film ass dann och eng Zort Parabel a Satire  op déi amerikanesch Kolonial Geschicht, déi net d'Subtilitéit siche geet. Mee mer hunn et halt hei mat engem Blockbuster ze dinn, an en och iwwerflächleche progressistesche politesche Message, déi mat vill Humor an Action dohierkënnt, huele mer gären un.