
© afp
Et geet erëm op Berlin bei den Joy Hoffmann well deen huet mëttlerweil déi zwou éischt Lëtzebuerger Koproduktiounen gesinn, déi op der Berlinale a verschiddene Sektioune gewise gi sinn, hei seng Impressiounen.

© © Borris Kehl
"DER KUSS DES GRASSHÜPFERS", en däitsche Film vum Elmar Imanov, dee vu Wady Film koproduzéiert gouf, ass an der Niewe Sektioun "Forum" gelaf, déi éischter marginal an experimentell Wierker selektionéiert. De Film weist en depressive Schrëftsteller, dee confrontéiert ass mat der schwéierer Krankheet vu sengem Papp, an enger méi rationaler Frëndin, déi vum Sophie Mousel gespillt gëtt, an deen dann op der Sich no Trouscht a Wäermt ass. An oft laangen Astellunge schleeft hie säi Spleen duerch eng düster Welt, voller verluerener Séile, wéi hien.
Et geet wuel eng gewësse Faszinatioun vun dësem gutt inzeenéierte Film aus. Allerdéngs, ouni Emotiounen a kloer Erzielstruktur, a besonnesch duerch seng surreal an oft rätselhaft Erscheinungen a Symbolik, sou zum Beispill e riesegroussen Heesprénger, stellt hie grouss Ufuerderungen un de Spectateur. Wéi quasi all Filmer déi an der Sektioun Forum gewise ginn, wäert och "Der Kuss des Grasshüpfers" wuel kaum de Wee an di normal Kinoe fannen.

© Reflet dans un diamant mort | Reflection in a Dead Diamond by Hélène Cattet, Bruno Forzani
Och de Film "REFLET DANS UN DIAMANT MORT " entsprécht kenge falls de Reegele vum konventionelle Kino. En huet et trotzdeem an d'Kompetitioun gepackt. Et ass e Film iwwert populäre Kino a BD, deen de Lëtzebuerger Koproduzent Gilles Chanial esou definéiert: "Reflet dans un diamant mort.. cette fois ci va s'inspirer d'une cinématographie populaire italienne des années 60, " l'eurospy", le film d'espionnage spaghetti, et revisiter ce genre d'une manière assez jubilatoire et explosive...D'Referenze sinn déi italienesch "Fumetti ", also bëlleg BD Fasciculle mat béise Gestalte, wéi den Diabolix oder Serpentix, deenen hiren Ur-Modell de franséischen Fantomas aus den 20er Joren ass. Wat de Kino ugeet, sinn et bëlleg Kopië vun de James Bond Romaner a Filmer, an deenen an enger Welt vu Luxus a Fraen, Superagenten géint Superbéiser kämpfen. Aus deene Welte schnëppelen déi zwee belsch Realisateuren Hélène Cattet a Bruno Forzani e survoltéierten, fetishiséierten an ultradecoupéierten Collage zesummen, deen och ouni klasseschen Zenario an Identifikatiounsfiguren annerhallef Stonn faszinéiert, wann een da bereet ass sech op esou e Pastiche an Hommage un europäesch Trashkonscht anzeloossen.