
© Tom Nols
... 56 Joer ass et den éischten Testvol vum neien Iwwerschallpassagéierfliger Concorde. Dëse Prototyp ass wärend 6 Joer vun enger brittescher a vun enger franséischer Firma zesummen entwéckelt ginn. 1976 gëtt de Fliger an Déngscht gestallt. Am Ganze wäerten 20 Concorde gebaut ginn.
1933 ass et zu New York d'Weltpremière vum Horrorfilm King Kong. Den iwwergroussen Af ass dat éischten Ongeheier, dat extra fir e Film erfonnt gëtt. E Meilesteen an der Geschicht vum Film, net just wéinst senge ville Spezialeffekter. Fir d'Dréibuch war ugangs den Edgar Wallace virgesinn. Dëse sollt awer stierwen, éiert e konnt ufänke mat schreiwen.
1949 geléngt den éischte Nonstop-Vol ronderëm d'Welt. Am Texas gestart kënnt no 94 Stonnen a 37.000km en ëmgebaute Militärfliger do rëm un. D'Air Force wëllt domat am Ufank vum Kale Krich demonstréieren, dass si op all Punkt vun der Welt zouschloe kéinten. De Fliger, eng Boeing B-50, gëtt ënnerwee 4x an der Loft betankt fir den Tour ëm d'Welt ze packen.
Zum Sport: 1962 markéiert den amerikanesche Basketspiller Wilt Chamberlain an engem Match 100 Punkten. Mat senger Kierpergréisst vun 2m16 a senger Athletik ass den Chamberlain senge Géigespiller meeschtens wäit iwwerleeën. De Rekord steet bis haut - am noosten drukomm war 2006 de Kobe Bryant mat 81 Punkten an enger Partie.
1978 flitt eng sowjetesch Sojus-Rakéit an de Weltall. Mat u Bord ass den éischte Raumfuerer, dee weder aus den USA nach aus der Sowjetunioun kënnt. Den tschechoslowakesche Kosmonaut Vladimir Remek. Et sollt gläichzäiteg säin eenzegen Ausfluch an de Weltraum bleiwen. No sëllegen Auszeechnunge fir deen Exploit geet de Remek duerno an d'Politik.
Um Wee an d'Schoul gëtt 1998 dat 10 Joer jonkt Natascha Kampusch entfouert. Méi wéi 8 Joer laang gëtt di éisträichesch Schülerin an enger geheimer Stopp gefaange gehalen. Mëtt 2006 kann d'Kampusch flüchten - säin Entféierer hëlt sech doropshin d'Liewen.
Virun 125 Joer kënnt den däitsche Komponist Kurt Weill op d'Welt. Aus senge ville Wierker stécht d'Dreigroschenoper eraus, déi hien zesumme mam Bertolt Brecht geschriwwen huet. D'Ballad Mack the Knife doraus ass weltbekannt ginn.
Haut viru 75 Joer kënnt d'Karen Carpenter op d'Welt. Zesumme mat hirem Brudder Richard feiere se an de 70er Jore grouss Succèse mat hirer Grupp The Carpenters. Di kloerste Stëmm am Musekbusiness verstommt scho mat 33 Joer no laange Problemer mat Magersucht.