... 150 Joer gëtt a Kanada den éischten Äishockeymatch an enger Hal gespillt. Zwou Ekippen à 9 Spiller, Goler, en Arbitter an eng Spillzäit vu 60 Minutten. Fir d'Zuschauer viru Blessuren ze schützen, kënnt amplaz vun engem haarde Ball fir di éischte Kéier e Puck aus Holz an den Asaz.

03/03/2025 Haut virun...

Zu Paräis gëtt haut virun 150 Joer dem Georges Bizet seng Oper Carmen fir di éischte Kéier opgefouert. Des ass e revolutionäre Broch mat der Form vun der Opéra Comique, a gëtt dowéinst éischter verhalen opgeholl vum erstaunte Publikum. En halleft Joer méi spéit entwéckelt Carmen sech dann awer zum internationale Succès, deen de Komponist no sengem fréien Doud awer net méi matkrit.

Mam Friddensvertrag vu Brest-Litowsk geet den Éischte Weltkrich 1918 un der Ostfront op en Enn. Sowjetrussland verzicht dobäi op seng Uspréch op d'Länner Polen, Litauen a Kurland. Finnland an d'Ukrain ginn zu onofhängege Staaten deklaréiert. Am Géigenzoch verzichten d'Mëttelmuechten op Annexiounen a Reparatiounen.

1940 leeft zu Liverpool d'Queen Elizabeth fir di éischte Kéier aus. Wéinst dem Zweete Weltkrich muss dat bis 1975 gréisste Passagéierschëff vun der Welt muss seng éischt Faart am Geheime maachen. Et geet op New York, a vun do aus weider an Australien. Duerno gëtt dat 314m laangt Schëff och als Truppentransporter agesat. Angscht virun U-Booter muss d'Elizabeth net hunn, well et méi séier fiert wéi déi.

1969 grënnt di amerikanesch Navy hir Fighter Weapons School - besser bekannt als Top Gun. No de relativ schlechte Leeschtungen am Vietnamkrich sollen d'Kampfpiloten do hir Taktik besser trainéiere kënnen. Weltbekannt gëtt di Elite-Flugschoul duerch di 2 Top-Gun-Filmer mam Tom Cruise.

Zu Los Angeles gëtt den Afroamerikaner Rodney King 1991 bei enger Verkéierskontroll schwéier mësshandelt. Di 4 Poliziste ginn awer e Joer méi spéit vun de Gewaltvirwërf fräigeschwat, wat an der Suite zu de schwéieren Onrouen vu 1992 féiert, bei deenen 53 Leit ëm d'Liewen kommen an eng 800 Gebaier zerstéiert ginn.

2009 fält dat historescht Archiv vu Köln an e Koup. Grond si warscheinlech d'Aarbechten un engem neie Metrostunnel direkt niewendrun. Vun de 65.000 geschichtlechen Objete gi ronn 90% verschott. Se sinn zum Deel verluer oder mussen opwänneg restauréiert ginn.

Weltwäit kënnt 2017 di nei Nintendo Switch op de Marché. Keng aner vun hire Spillkonsole verkeeft sech um éischten Dag besser. Als sougenannten Hybrid-Konsol ka se ënnerwee oder doheem stationär benotzt ginn. D'Switch ass mat méi wéi 150 Milliounen Exemplairen, no der DS, den zweeterfollegräichste Produit vu Nintendo. Am Laf vun dësem Joer wäert de Nofollgermodell erauskommen.