An Asien ass et normal Insekten a Wiermer ze iessen an ze verschaffen. Presentéiert een se hei an Europa um Teller, da riskéiert de Chefkach éischter eng Reklamatioun. Ma zënter kuerzem dierfe Mielwiermer a Form vu Polver an der EU offiziell a Liewensmëttel verschafft ginn.
Ma d’Wiermercher, déi an Asien och gären als Snack giess ginn, si fir eis villäicht ongewinnt, se sinn awer ganz gesond. An dat besonnesch duerch d’UV-Behandlung vum Polver. Doduerch ass dann nämlech vill Vitamin D dran ze fannen, erkläert d’Ernierungsexpertin Nathalie Weber.
Déi giel Wiermercher sinn och voller Proteinnen.
Eng Haapt-Proteinquell huet een also mat der neier Bestëmmung nach net. Ma a Punkto Nohaltegkeet sinn Wiermercher awer e grousse Gewënn an der Liewensmëttelindustrie. Bei der Produktioun ginn nämlech däitlech manner Waasser an Energie verbraucht wéi dat beim Schwéngen- oder Rëndsfleesch de Fall ass.
Ma wann ee beim Gedanken Mielwiermer ze iessen villäicht den Eekel kritt, brauch een elo net ze fäerten, dat ouni säi Wëssen ze consomméieren. D’Mielwuermpolver muss nämlech wéi all aner Ingredient um Produit opgelëscht sinn.