
© afp
De Film-Festival zu Berlin ass gutt an der Hallschecht ukomm an den Joy Hoffmann huet wuel genuch Filmer a Competitioun gesi fir éischt Kommentare ze maachen. Mee vu dass quasi all Dag och eng Lëtzebuerger Koproduktioun leeft, intresséieren déi ons natierlech och besonnesch.

© © İİ Film, Les Films du Tambour, 3B Productions, Bidibul Productions
An der Niewesektioun "Panorama" war den tierkesche Film CONFIDENTE ze gesinn, dee vun der Lëtzebuerger Firma Bidibule koproduzéiett gouf. Eng Mamm, déi fäert viru Geriicht d'Garde vun hirem Fils ze verléiere, schafft als Telefonistin an engem erotesche Call Center zu Ankara. Esou gëtt se Zeie vun de mafiéise Machenschafte vun engem Procureur, a kritt e verzweifelten Uruff vun engem jugendleche Client, deen an engem Äerdbiewen zu Istanbul verschott ass. Themen, wéi Empathie, Chantage, Feminismus a Korruptioun vermëschen sech, quasi exklusiv iwwer Telefon, bis zum Happyend, deen net méi glafwierdeg ass wéi de Rescht vum Film. Wéi esou oft zu Berlin si filmesch Qualitéite manner gefrot, wéi e guttgemengte politesche Message.

© ROU 2025, Competition
An dëst Joer sinn och an der Kompetitioun einfach ze vill geschwätzeg Filmer, ugefaang matt dem Radu Jude sengem "KONTINENTAL 25" deen de Paul Thiltges koproduzéiert huet, ouni d'Hëllef vum Lëtzebuerger Filmfong. Deen oft originellen,provokativen a gesellschaftskriteschen Toun aus dem rumänesche Realisateur senge viregte Filmer geet hei gréisstendeels verluer. Hien setzt hei haaptsächlech op elle laang philosophesch Diskussiounen iwwert d'Scholdgefiller vun enger Dierwiechterin. Och dem Richard Linklater säin enttäuschenden BLUE MOON, mam Ethan Hawke a Margaret Qualley spillt sech ganz theatralesch just tëschent e puer Personnagen an engem Bistro of.
Fir et salopp ze formuléieren: Filmer an deenen eppes geschitt an eppes ze kucken ass, déi souwuel inhaltlech a formal op der Héicht sinn, an déi internationaalt Festivalsformat hunn, ware bis elo éischter selten an der Competitioun. Ausnam war do besonnesch dem Michel Franco säin DREAMS matt dem Jessica Chastain, deen di passionell a vu Rassismus gepräägter Relatioun vun enger räicher Kulturmäzenin, mat engem mexikaneschen immigréierte Balletsdänzer beschreift. Ganz Iwwerzeegend war och IF I HAD LEGS I`D KICK YOU vun der Amerikanerin Mary Bronstein. D'Rose Byrne spillt hei eng total iwwerfuerdert Psychiaterin: hiert schwéier krankt Kand ass fleegebedierfteg, an hiert Appartement ass iwwerschwemmt ginn. Si selwer ass an Therapie, a muss sech zegläich ëm hir eegen duerchgedréinte Patiente bekëmmeren. Et ass e Film mat engem infernalesche, maträissende Rhythmus, voller Humor an enger grousser schauspillerescher Leeschtung. Problem ass just, dass dëse Film seng Première schonn um Festival vu Sundance hat. Berlin, als groussen A- Festival, schéngt et also net fäerdeg ze bréngen genuch héichkaräteg Filmer a Weltpremière ze fannen, respektiv ze kréien.