
© Pixabay
... 192 Joer gëtt di amerikanesch Uertschaft Chicago zur Stad deklaréiert. Puer Joer virdru war d'Gebitt, dat vun der indigeener Bevëlkerung Shikaakwa genannt gëtt, kaum bewunnt. Chicago gëtt séier zur Paart zum Westen an ass haut di drëttgréisste Stad an den USA.
Zu Moskau am Bolschoi-Theater gëtt 1877 dem Pjotr Tschaikowski säi Ballet Schwanensee uropgefouert. Well den hauseegene Balletsgrupp nach net de Niveau huet fir dat Stéck ze danzen, ginn di schwiereg Deeler duerch méi einfach Museksstécker ersat. De Publikum ass vun där Première enttäuscht.
1936 gëtt den Jim Clark gebuer. De gebiertege Schott avancéiert zum erfollegräichste Formel 1 Pilot vun de 1960er Joren. Hie gëtt 2x Weltmeeschter, gewënnt 25 Grand-Prix'en, ass ee vun den éischte Motorsportsuperstaren a stierft 1968 bei enger Course zu Hockenheim.
Absolut Superstare si 1966 och d'Beatles. Haut viru 59 Joer gëtt den John Lennon een Interview, an deem hien op hire Succès hin behaapt, si wiere méi populär wéi Jesus. Virun allem an den USA kënnt déi Ausso net gutt un - zum Deel ginn d'Lidder vun de Beatles op den amerikanesche Radiostatioune boykottéiert.
1970 ginn d'Cargolux Airlines International S.A. gegrënnt. Vum Findel aus operéiere si weltwäit, 1979 kënnt den éischten Jumbojet an den Asaz. D'Cargolux operéiert op 90 Destinatiounen, dovu ginn der 57 reegelméisseg frequentéiert.

© rtl.lu
Den Ierfgroussherzog Henri gëtt 1998 zum Lieutenant-Représentant ernannt. D'Lieutenance ass dacks eng Etapp ier e Groussherzog ofdankt. Gutt 2 Joer duerno ass et souwäit. Den 3. Oktober dëst Joer wäert de Grand-Duc Henri dem aktuelle Lieutenant-Représentant an Ierfgroussherzog Guillaume den Troun iwwerloossen.

© rtl.lu
Am Kader vun hirer 100-Joer-Feier gëtt di international Futtballfederatioun FIFA 2004 eng Lëscht eraus mat den 125 beschte nach liewege Spiller. De Choix ass dem Pelé iwwerlooss ginn, deen dofir vill Kritik muss astiechen. An di ass berechtegt: schliisslech ass net ee Lëtzebuerger op der Lëscht...