
© RTL / Stefan Gregorowius
Nodeems déi lacken Schong elo e puer Méint am Schaf stoungen, gëtt vun haut un nees op RTL gedanzt. 14 Promien, déi een duerch d'Medien kennt, hu sech fräiwëlleg gemellt, fir sech op ongewinntem Terrain ze beweegen, an dann vum Motsi Mabuse, Jorge González a Joachim Lambi Punkten ze kréien, oder och net. Déi streng Aen vum Jury kucken, op all Beweegung souz, an d'Féiss richteg gedréit waren, mee och de Public dierf mat ofstëmmen an decidéieren wien eng Ronn weider kënnt.

© RTL / Jörn Strojny

© RTL / Jörn Strojny

© RTL / Jörn Strojny

© RTL / Jörn Strojny
Als Actrice kennt a schätzt een d'Simone Thomalla an d'Christine Neubauer schonn méi laang. Op der Danzpist sinn se Konkurrenten a schenken sech näischt. Zemol den Éiergäiz an de sportlechen Niveau sinn déi lescht Joren bei 'Let's Dance' gewuess.

© RTL / Jörn Strojny

© RTL / Jörn Strojny
Och den Roland Trettl dee meeschtens Leit verkoppelt an den Turner Fabian Hambüchen mierken elo réischt richteg op wat se sech agelooss hunn.

© RTL / Jörn Strojny
Selfiesandra, Leyla Lhouar, Paola Maria, Osan Yaran, Marc Eggers, Ben Zucker an Taliso Engel sinn déi aner Promien, un déi ee sech déi nächst Wochen gewinne kann, an deenen hier éischt Schrëtt een um Parquet materliewen dierf. Haut um 20h15 ass d'Kenneléiersendung, wou d'Promien mat de Profidänzer verkoppelt ginn, a nächste Freideg flitt dann och deen mat de mannst Punkten schonn eraus, a muss d'Show verloossen.