
© pixabay.com
Wann een op der Autobunn am Stau steet, da kënnt et alt scho mol vir, dass ee vun engem Motorradsfuerer iwwerholl gëtt respektiv dass ee gesäit wéi dësen tëscht den Autoen erduerch fiert. Praktesch, awer legal ass dat hei bei eis awer net. Nach net.
Bei eise franséischen Noperen ass et op jiddefalls zanter Ufanks Januar erlaabt mam Motorrad am Stau am sougenannten inter-files ze fueren. Dat awer ënnert gewësse Konditioune wéi den Alain Disiviscour vum Mobilitéitsministere erkläert:
"Zum Beispill soe si, dass een dat just op Stroossen däerf maache wou een zwee mol zwou Spueren huet an op deenen d'Vitess tëscht 70 an 130 limitéiert ass. Ausserdeem muss et tëscht deenen 2 Spueren sinn déi am wäitste lénks sinn. Do däerf een da mam Moto doduerch fueren, awer nëmme wann de Verkéier stockt. Dann däerf ee mat 50 km/h duerchfueren. A wann de Verkéier ganz steet op enger vun deenen 2 Spueren, dann däerf een nëmme mat 30 doduerch fueren. An der Belsch gëtt et sou eppes Änleches och, do sinn d'Bestëmmunge just e bëssi anescht."
Bei eis zu Lëtzebuerg ass d'Situatioun awer wéi gesot nach eng aner:
"Am Moment ass zu Lëtzebuerg den Inter-file net erlaabt. Wann een dat dann trotzdeem mécht ass et, dass wann een dat elo géing maachen, jee nodeems wat d'Police da fir eng Infraktioun zréck behält, ginn et verschidde Méiglechkeeten. Do wier et zum Beispill fuere mat enger den Ëmstänn net ugepasster Vitess oder och de Fakt, dass ee mat sengem Gefier Leit riets iwwerholl huet, wat jo och verbueden ass. Oder wann ee souguer beim Iwwerhuelen oder beim Versuch ze iwwerhuelen aner Leit a Gefor bréngt, da ginn et verschidde Strofen."
An déi gi vun 49 Euro bei net ugepasster Vitess iwwert 74 Euro wann ee riets iwwerhëlt bis souguer 145 Euro an 2 Punkte wann ee beim iwwerhuelen aner Leit a Gefor bréngt. Hei am Land lafen aktuell dann och Iwwerleeungen am Ministère doriwwer wéi an ënnert wéi enge Bedéngungen een dat eventuell och kéint hei maachen.
"Et stelle sech awer eng ganz Rei Froen, notamment wat d'Sécherheet ugeet awer och d'Fro vun der Kompatibilitéit vun esou engem System. Zum Beispill mat enger Rettungsgaass oder och nach mat neie Spueren déi mer elo am gaange sinn, anzeféieren. Ech nennen do zum Beispill déi nei Covoiturage Spuer op der A3. Do muss genee gekuckt gi wéi dat géing an deene Situatioune fonctionéieren."
Wéini dat eventuell kéint Realitéit ginn, ass awer nach net gewosst:
"E kloren Echeancier ass elo schwéier ze soe well dës Concertatiounen nach misste stattfannen tëscht deene verschiddenen Acteuren an natierlech ass et och eng Saach vun der Police, déi muss kucke wéi si dat an der Realitéit ka kontrolléieren. Dofir muss dat nach eng Kéier genee gekuckt gi wat do méiglech wier."
Sécher ass awer scho mol, dass een dat och hei esou reglementéiere géing, dass een net kann egal wat egal wou maachen. Well wat am Stroosseverkéier nach ëmmer virgeet, ass d'Sécherheet an dofir wëllt ee sech am Ministère och déi néideg Zäit gi fir eppes ze maache wat gutt iwwerluecht an eisem Autobunnsreseau ugepasst ass.