... 65 Joer mécht e kubanesche Fotograf eng Foto vum Ernesto Guevara, déi ronderëm d'Welt wäert goen. De Portrait krit den Titel "Guerillero Heroico" a nom Che sengem Doud gëtt dat Bild, a verschiddenste Varianten, zu engem feste Bestanddeel vun der Popkultur.

Den däitschen Instrumentebauer Heinrich Steinweg ass op New York ausgewandert an haut virun 172 Joer grënnt hien do, zesumme mat sengen 3 Filssen, eng Entreprise fir Pianoen ze bauen. Hire Numm iwwersetzen se dobäi an d'Englescht: Steinway & Sons. Bis haut ginn zu New York an Hamburg, grad sou wéi a Japan a China, hir exklusiv Fligelen a Pianoe gebaut. De Bau vun engem Fligel dauert méi wéi e Joer.

De fréiere brittesche Premier Winston Churchill hält 1946 op enger amerikanescher Uni eng Ried, an där hie vum Eisene Riddo schwätzt. Spéitstens domat ass de Kale Krich tëscht Ost a West lancéiert. Dobäi ass deen Ausdrock net nei. E staamt aus dem Theaterberäich an ass wärend dem Éischte Weltkrich am politesch-militäresch Kontext genotzt ginn. Den tatsächlechen Auteur dovun ass onbekannt.

1953 stierft de sowjeteschen Diktator Josef Stalin. De Kult ëm seng Persoun hält bis haut un. Dowéinst ass gréisstendeels onbekannt, dass op genee deem selwechten Dag den ukrainesche Komponist Sergei Prokofjew stierft. Säi musikalescht Märchen Pierchen an de Wollef zielt weltwäit zu de meeschtgespillte klassesche Wierker.

Mam Lidd Merci, Chérie gewënnt den Udo Jürgens 1966 de Grand-Prix Eurovision de la Chanson, deen dat Joer hei zu Lëtzebuerg ausgedroe gëtt. Am Orchester sëtzt iwwregens ee gewësse Faustino Cima op der Batterie. Et ass de Startschoss fir dem Éisträicher seng international Karriär, an d'Lidd bleift bis zum Schluss feste Bestanddeel vum Udo sengem Live-Repertoire.

1982 lant di sowjetesch Raumsond Venera 14 op der Venus. Si iwwersteet 57 Minutte bei enger Baussentemperatur vu 465°C an engem Atmosphärendrock vu 94 bar. An där Zäit ka se eng ganz Partie Daten a Biller op d'Äerd funken.

Genee dee selwechten Dag gëtt den John Belushi dout opfonnt. Den amerikaneschen Acteur stierft am Alter vun 33 Joer un enger Iwwerdosis Drogen. De Belushi war an der Comedysendung Saturday Night Live bekannt ginn - seng Paraderoll war déi vum Jake Blues am Blues Brothers Film.