... 61 Joer gëtt de Konstantin II. de leschte Kinnek vu Griicheland. 1973 schafen d'Hellenen per Volleksofstëmmung d'Monarchie ganz of, nodeems de Kinnek d'Land schonn zanter puer Joer nëmme nach um Pabeier regéiert huet.

06/03/2025 Haut virun...

1853 ass et do am Teatro La Fenice d'Uropféierung vum Giuseppe Verdi senger Oper La traviata. Se ass e Flop - engersäits well et riskéiert ass, eng Kurtisanin zur Titelpersoun ze maachen a sou der italienescher Gesellschaft hir eege Onmoral virzehalen. Anersäits sinn den Tenor an de Bariton hirer Aufgab net gewuess. No enger iwwerschaffter Presentatioun gëtt d'Traviata awer zu enger vun de beléiffste Verdi-Operen.

1869 presentéiert de russesche Chemiker Dmitri Mendelejew säi Periodesystem vun de chemeschen Elementer. Di Lëscht ass no steigender Uerdnungszuel opgebaut an esou agedeelt, dass an all Spalt vun der Tabell Elementer mat änlechen Eegenschafte stinn. A mat deem System kënnen och Mierkmoler vu nach onbekannten Elementer virausgesot ginn.

RTL

© Pixabay

Haut virun 100 Joer ginn di 3 belsch Ostkantonen, no enger Iwwergangszäit vu 5 Joer, endgülteg Deel vun der Belsch. Schold dorun ass net nëmmen e kontroverse Referendum, mee dësen däitsche Verloscht un Terrain war och am Friddensvertrag vu Versailles festgehale ginn. Den Tracé vun der Zuchlinn tëscht Oochen an Ëlwen verleeft duerno deels iwwer däitschen deels iwwert belschen Territoire.

1930 gëtt zu Springfield am Massachusetts fir di éischte Kéier déifgekillte Kascht ugebueden. E Biolog hat fir 7 Dollar seng éischt Anlag dofir gebaut, a konnt säi Patent duerno fir 22 Millioune verkafen. Seng Konservéierungsmethod hat en sech bei den Eskimoen ofgekuckt. Am éischten déifgekillte Pak ass iwwregens Geméis dran.

RTL

© Pixabay

Viru Zeebrugge geet 1987 di brittesch Fär Herald of Free Enterprise ënner. Vun de 623 Persounen u Bord kommen der 193 ëm d'Liewen. Nom Ongléck hëlt e Grupp vun brittesche Museker de Beatles-Klassiker Let it be nei op. Den Erléis geet un di Hannerbliwwen. Mat un deem Projet bedeelegt sinn z.B. de Paul McCartney, de Boy George an d'Kate Bush.

Apropos brittesch Museker. Den David Gilmour gëtt 79 Joer al. Zesumme mam Roger Waters hu si Pink Floyd zu enger vun den erfollegräichste Gruppe vun allen Zäite gemaach.

57. Gebuertsdag fir de Michael Schmidt. De SMUDO vun de Fantastischen Vier. Säi Kënschtlernumm staamt aus der Schoulzäit, wou  Schmuddel säi Spëtznumm war. Doraus huet sech iwwer d'Jore Smudo entwéckelt. Entretemps ass en och e ganz proppere Jong.