Op Äschermëttwoch ass et eriwwer mat de Fuesboken, da mécht d'Fuesent offiziell eng kleng Paus. Obwuel sech hei zu Lëtzebuerg net méi wierklech dorunner gehale gëtt. Symbolesch gëtt awer zu Réimech muer de Stréimännchen verbrannt an domadder och d'Fuesent.

04/03/2025 Stréimännchen um Äschermëttwoch

An dat net réischt zanter kuerzem, well et ginn Dokumenter déi bezeien, dass et de Stréimännche well zanter 1821 gëtt. An zanter 150 Joer ass et d'Réimecher Musek déi de Stréimännchen organiséiert. Aus wat déi Popp genee besteet, weess d'Monique Weintzen:

"Dat ass e grousst a schwéiert holzent Kräiz an do gëtt Gezei drop gestülpt an déi Popp gëtt dann opgefëllt mat Stréi. Wann de Stréimännchen da bis ganz zesumme gebutt ass, kritt en an déi lénks an an déi riets Hand en eidele Portmonni an eng eidel Fläsch Schampes. Dat heescht, de Portmonni ass no der Fuesent eidel, de Schampes ass gedronk, d'Fuesent ass domadder eriwwer an d'Faaschtenzäit fänkt un."

Éier d'Fuesent verbrannt ass, gëtt et awer nach e Cortège. An do gëtt et dëst Joer eng kleng Ännerung. Marc Bamberg:

"Éischtens mol geet de Stréimännchen op enger anerer Plaz fort, dat ass vläicht wichteg, dass d'Leit dat wëssen, dass et net méi beim Café Fuesent ass well et dee leider net méi gëtt. Mir fänken de Cortège dëst Joer bei der Kellerei Laurent a Rita Cox un an der rue des Près. Vun do geet en dann erof duerch den Dauvelt iwwert d'Baichergaass erof laanscht d'Musel iwwert de Quai de la Moselle erëm zréck duerch d'Machergaass an da just virun der Bréck gëtt nach eng lescht Kéier gedanzt. An dono geet et am Trauermarsch op d'Bréck wou dann d'Popp verbrannt gëtt an dann ass d'Fuesent eriwwer."

Beim Cortège ka jidderee matgoen dee Loscht huet. Fir Iessen a Gedrénks ass och gesuergt:

"Ënnen a Réimech bei der Gemeng do huet d'Musek e Stand opgeriicht mat Glühwäin a Gromperekichelcher. Ab 16 Auer ginn d'Leit do zerwéiert."

Am Kader vun hirem 150. Gebuertsdag hat d'Réimecher Musek dann och en Opruff gemaach fir hier fréier Musikanten nees ze reaktivéieren an zesummen e puer Concerten dëst Joer ze spillen.

"Jiddereen deen nach e bëssi mat sengem Instrument ëmgoe kann, däerf gäre kommen. Wann e keen Instrument méi huet, da kënne mir souguer dofir suergen, dass en eent kritt. Fir sech unzemellen, brauche se am Fong just eng Mail op 150@hmcr.lu ze schécken an da si se dobäi."

Rendez-vous deemno muer den Owend ab 16 Auer bei der Réimecher Gemeng an um 19:30 Auer fir den Depart vum Cortège beim Cox.