
Expert bleift Expert, well wéi dacks huet ee bei der Krankheet vu sengem Hausdéier, eng Viranung, an dann stellt sech méi spéit awer eraus, dass een dernieft louch. Dat einfachst ass d'Fakten ze notéieren, ouni en Detail z'iwwersinn, an dann den Déierendokter opzesichen, Romi Roth.
Zanter Wochen schnuddelt d´Finnchen, eng hondsgewéinlech Tigerkaz am beschten Alter, séng Leit wësse sech esou lues kee Rot méi. Natierlech gouf am Ufank un ee vun de Kazeschnapp-Virussen geduecht. Mais d´Finni geet net eraus an och wann et emol vu Frënn versuergt gëtt, bleift hatt am strikten Indoor-Regime. Well déi Leit awer och eng Kaz hunn an déi erausgoen duerf, gëtt d´Finni léiwer awer all 3 Joer geimpft. Déi klassesch Kazekränkt deet ëmmer och d'Aen mat schwëllen an tréinen. Dem Josefinn seng Guckelcher waren awer ganz normal, woumat en ustiechende Kazeschnapp als Ursaach fir d´Genéitsch definitiv eliminéiert war.
Vläicht eppes am Stot wourop d´Déier allergesch war? Allergesch Ursaachen fir d'Néitschen an Houschten gëtt et bei Kazen jo en masse.
An hier Niesercher si grad och oft irritéiert duerch dréchen Heizungsloft an all méiglech Sprayen fir gutt richeg ze maachen, ze botzen oder ze desinfizéieren. All dat war et beim Finnchen awer net. Op enger Röntgen war ze gesinn wou säi Problem war: béid iewescht Eckzänn hate Wuerzelabcèsen. D´Schank vum ieweschte Kifer war tëscht dem Mond an der Nues scho mat enger Äter-Fistel duerchgebrach. Déi krank Zänn goufe séier gezunn a no enger Therapie géint déi chronesch Pilzentzündung a senge Sinussen, war déi léif Kaz erëm wéi nei.