
© FB
... 80 Joer eruerweren US-Zaldoten di faméis Bréck vu Remagen. Et ass den Alliéierten hiren éischte festen Iwwergang iwwert de Rhäin am Zweete Weltkrich. 10 Deeg méi spéit fält d'Bréck duerch etlech Beschiedegungen an e Koup. Bei deem Ongléck stierwen 32 amerikanesch Pionéier.
Zu Washington D.C. fiert ënnert dem Komplex vum Kapitol di sougenannte Congressional Subway. 1909 verbënnt dëse Metro eng éischte Kéier di verschidde Bürosgebaier vun der Regierung mateneen. Zanter dem 9/11 dierfe just nach Kongressmemberen, deenen hire Besuch an Employée vun der Regierung mat där Bunn fueren. Si ass net un den ëffentleche Metro vu Washington ugeschloss.
De 7. Mäerz 1916 gëllt als Gebuertsdag vun der däitscher Firma BMW. Op deem Dag schléisse sech zwou Firme fir Motorebau zesummen a grënnen d'Bayerische Flugzeugwerke, déi e gutt Joer méi spéit ëmbenannt ginn a Bayerische Motoren Werke. Nach e gutt Joer méi spéit loosse se sech hire blo-wäisse Logo patentéieren.
1971 leeft um WDR di éischte Folleg vun der Sendung mit der Maus. Als Lach- und Sachgeschichten für Fernsehanfänger, wéi d'Kanneremissioun ugangs heescht, gëtt se fir d'éischt staark kritiséiert. Haut, no méi wéi 2500 Sendungen, ass d'Maus net méi aus dem Sonnde-Moien-Tëleesprogramm ewech ze denken.
Fir de gudden Zweck di sech 1985 di gréisste Musekstaren aus den USA zesumme, fir mat engem Charity-Lidd Geld ze sammelen an der Lutte géint d'Hongersnout an Ethiopien. Ënnert der Regie vu Quincy Jones, Michael Jackson a Lionel Richie kënnt We are the World haut viru 40 Joer eraus a verkeeft sech an der Suite méi wéi 20 Millioune mol.
Mat enger Rakéit vun der NASA gëtt 2009 de neie Weltraumteleskop Kepler an de Weltall geschoss. Dëse soll no extrasolare Planéiten sichen a fënnt der 19. Enn 2018 ginn d'Observatioune op en Enn, well kee Sprit méi u Bord ass. Ersat gëtt de Kepler-Teleskop 2018 vum TESS-Teleskop, dee bis haut weider no Exoplanéite sicht.
En Auto kanns de net behandele wéi eng Fra - en Auto brauch Léift. Sot emol dee Mann, deen 2x Rallyeweltmeeschter war a bekannt ass fir seng kloer Meenung. 78 Joer al gëtt de Walter Röhrl.
Eng Legend aus der Welt vum Tennis feiert haut hire 65. Gebuertsdag. Den Ivan Lendl gewënnt 94 Tournoien am Simpel, 8 Grand-Slam-Titelen, 5x de Masters, 1x den Davis Cup a steet 270 Woche laang op Plaz 1 vun der Weltranglëscht. Nëmmen eng Victoire zu Wimbledon war dem Ivan ni vergonnt.