... 356 Joer brécht den Ätna op Sizilien aus. Den héchsten aktive Vulkan an Europa, deen zum UNESCO-Weltnaturierwen zielt, späizt duerno weider 4 Méint laang Feier a Lava, an zerstéiert e gudden Deel vun der Stad Catania. Des Katastroph gëllt bis haut als di gréissten Eruptioun vum Ätna.

08/03/2025 Haut virun...

1910 ass d'Franséisin Élisa Deroche di weltwäit éischte Fra, déi e Flugschäin mécht. Hire Piloteschäin huet d'Nummer 36. Ausserdeem ass si di éischt Fra, déi eleng e Fliger flitt. Duerno hëlt se reegelméisseg u Coursen deel a stellt och 2 Weltrekorder op.

Haut viru 90 Joer stierft zu Tokio den Hachikō. En Hond, deen 10 Joer laang all Dag op eng Gare gaangen ass fir op säi verstuerwene Meeschter ze waarden. D'Geschicht vum Hachikō gëtt am ganze Land bekannt, an direkt e puer Statuen erënneren un den treie Mupp. Déi Sortie vun der Gare, an där hien ëmmer gewaart huet, ass no him benannt.

Haut viru 60 Joer kommen US-Truppen am Vietnam un. Offiziell, well do si scho bal 25.000 sougenannten amerikanesch Militärberoder am asiatesche Land stationéiert. De President Lyndon B Johnson brécht domat säi Verspriechen aus dem leschte Walkampf, hie géif keng Buedem-Arméi dohi schécken.

Zu Oxford gëtt 1970 dat kierzte Bünestéck vun der Welt uropgefouert. Dem iresche Schrëftsteller Samuel Beckett säin Eenakter mat Titel Otem dauert ganzer 35 Sekonnen. Et huet en Ufank, eng Mëtt an e Schluss. Dat mënschlecht Liewen ass tëscht der Gebuert (éischte Kreesch) an dem Doud (leschte Kreesch) nëmmen e kuerzt Anootmen an Ausootmen am sënnlose Chaos vun der Welt.

1971 sti sech 2 ongeschloe Boxweltmeeschtere géintiwwer. Am Madison Sqare Garden zu New York verléiert de Muhammad Ali säi Fight of the Century géint den Joe Frazier. Et ass den Optakt vun enger grousser Rivalitéit tëscht deenen 2, déi 4 Joer méi spéit am Thriller in Manila hiren Héichpunkt fënnt.

1974 gëtt zu Paräis de neie Flughafen Charles de Gaulle ageweit. No London Heathrow ass et deen zweetgréisste Flughafen an Europa, wou d'lescht Joer knapp 70 Millioune Passagéier ukomm oder fortgeflu sinn. Ëm 330 Destinatioune gi vu Paräis aus vu ronn 50 Fluggesellschaften ugeflunn.

An apropos Fléien - haut virun 11 Joer verschwënnt de Malaysia Airlines Vol MH370. De Fliger ass zu Kuala Lumpur mat Destinatioun Peking gestart, geet awer no knapp 2 Stonne Flugzäit vun alle Radare verluer. No jorelaanger Sich ass nach ëmmer net gewosst wou de Fliger mat 239 Persounen u Bord erofgefall ass.