
© Atelier Spatz
All Joer ëm dës Zäit, wann d'Fuesgecken nees lass sinn, heescht et sech op d'Sich nom richtege Fueskostüm maachen. Dat gëllt virun allem fir d'Butzen déi do schonn dacks hiren eegene Kapp hunn a ganz genee wësse wat se wëllen. An dat ass nu mol awer net ëmmer am Buttek ze fannen. Do hätte mir eventuell eng Léisung.
Selwer bitze sot Dir Iech elo vläicht. Dat ass effektiv eng Méiglechkeet wann een dann déi néideg Zäit a virun allem Gedold dofir huet.
Gutt deemno, dass et Néiesche ginn, wéi d'Johanna de Santis déi sech, ënnert anerem, op Fueskostümer fir Kanner spezialiséiert huet. Ugefaangen huet alles virun 12 Joer an England wou dem Johanna hier Kanner op d'Welt komm sinn:
"In England gab's zu der Zeit nicht so wirklich gute Kinderkostüme zu kaufen. Das war alles nicht so hochwertig, deshalb habe ich angefangen selber zu nähen."
Lues a lues huet sech dorausser ëmmer méi entwéckelt an esou ass den Atelier Spatz hei zu Lëtzebuerg entstanen. Aktuell kann ee soen, dass d'Johanna quasi fir déi ganz Welt bitzt, well vill vu senge Commande kommen effektiv aus dem Ausland. An do sinn et d'Klassiker déi nach wie vor immens beléift sinn:
"Bei mir ist der Pirat und ich habe so kleine Clowns und Harlequins und die sind immer sehr populär zum Fasching. Also gerade für die ganz Kleinen die das erste Mal zum Fasching gehen, so 1-2 Jahre alt, da ist der Clown einfach super. Ansonsten sind es Clowns, Ballerinas, Piraten, die sind alle gut angekommen dieses Jahr."
Well Kanner séier wuessen, kéint sou e Fueskostüm nawell séier ze kleng sinn. Et sief dann et weess ee wéi ee sech uleeë sollt:
"Die Kinder wachsen in gewissen Phasen, manchmal werden sie länger und manchmal breiter. Wenn man ein bisschen clever ist, dann kann man da ein bisschen mithalten, also, dass es eben nicht nur eine Saison hält."
Wie selwer Kanner huet, dee wees wéi kreativ déi Kleng kënne sinn. Dat spigelt sech dann och an de méi spezielle Commande beim Johanna zréck, wéi zum Beispill dës Ufro:
"Das war ein Geschwisterpärchen und die haben sich ein Seepferdchen gewünscht. Und das war ein sehr voluminöses, regenbogenfarbenes Seepferdchen mit einem inneren Gestell, also das war sehr gross und da musste ich auch überlegen wie ich das in die Kiste kriege zum verschicken."
Do muss een dann allerdéngs och fréi u si mat der Bestellung.
Sollt Dir awer elo nach séier e Fueskostüm fir Är Butze sichen, da luusst mol op der Internetsäit
eran, mat e bëssi Chance fënnt sech jo nach eppes?