Den Owend kuerz virum Journal op der Tëlee gesitt Dir den nächsten Episod vun den Energie Tipps mat der Klimaagence. Am Mëttelpunkt den Hervé Klein dee seng Energieversuergung radikal ëmgestallt. Mat zwee Elektroautoen, enger Photovoltaikanlag mat enger 10 Kilowattstonnen Batterie an Kombi mat enger Wärmepompel probéiert hie seng Onofhängegkeet vum Netz ze maximiséieren – an dat mat klore finanziellen Avantagen.

26/02/2025 Energie Tipps: Energietransitioun am Alldag

„Ech fueren elo säit fënnef Joer Elektroauto. Fir de Moment sinn ech Gewënner an deem Sënn, dass de Stroum, deen ech genotzt hunn, fir déi Streck, déi ech gefuer sinn, däitlech méi bëlleg war wéi elo de Mazout oder de Bensinn. Zemools elo mat der Photovoltaik, déi mer hunn. Dat war, dat war wierklech wärend véier, bal fënnef Méint gratis tanken, fir eis.“

Och d’Hausenergie baséiert beim Hervé komplett op Stroum. Hien hëtzt mat enger Wärmepompel a produzéiert seng eege Energie mat Solarpanneauen.

„Mir hunn zwee Pufferspäicher, eemol fir waarm Waasser an eemol fir d’Buedemheizung an d’Heizung. Basis ass Stroum. Mir hunn eng Loftwärmepompel dobaussen, mir hunn thermesch Panneauen nach um Daach, an dann eeben dat, wat net gepackt gëtt, dat gëtt dann eebe mat Elektresch ausgeglach vun der Heizung. Mir hunn déi doten Heizung elo 14 Joer a mir haten nach net een Ausfall.“

Eng komplett Energietransitioun kascht um Ufank – mä wéi gesäit et mat de reelle Käschten aus?“

„Ganz am Ufank hate mir ëm déi, loosst mech net léien, 200, 230 Euro all zwee Méint, fir Hëtzen a Stroum. Wa mer elo e Mazouttank gehat hätte vun, soe mer dausend Liter, fir et einfach ze maachen, een Euro, hätte mer 1.000 Euro gehat. Domadder hu mir u sech alles gedeckt. Hëtzen a Stroum. Wann ech mat de Leit schwätzen an ech ka behaapten hei, lauschter, ech zéie wierklech e Minimum aus dem Netz oder esou, wéi ech soen, ech hu wärend véier Méint laang oder fënnef Méint laang d’Autoe gelueden, mat rengem Iwwerschoss, dat heescht fir mech, ech hu wärend véier a fënnef Méint laang keen Cent ausginn fir Sprit. Natierlech ass een houfereg drop. Natierlech mécht dat Spaass. Zemools, wann een dann d’Gesiicht gesäit vun deenen anere Leit, déi dann op d’Tankstelle lafen.“

Dat dierft dann och dem Portmonni Spaass maachen.