Um 14:30 Auer geet bei beschtem Wieder d'Kavalkad zu Dikrech un. Iwwer 34.000 Visiteure gi sech an den Dikrecher Stroossen erwaart. Mir Virfeld ware mir bei e puer Clibb op Besuch an hu gekuckt ob hire Won dann och wierklech prett ass. Schliisslech wëll ee jo richteg erausgefiizt laanscht déi iwwer 34.000 Visiteure fueren, déi sech zu Dikrech erwaart ginn. Vir déi schéinste Ween ginn et jo och ëmmer flott Präisser.

D’Claudine Thill Künsch ass elo schonn 20 Joer mat dobäi an organiséiert de Won vum FC 47 Baastenduerf. Sie sinn eng Ekipp vu 5 Leit, den Dag selwer sinn et der iwwer 40, a fänke schonn am Oktober u mat bauen. Uganks gesäit een sech emol d’Woch, vu Januar un dann awer 2-3 Mol d’Woch.

RTL
28/02/2025 BO RTL Reporter Cavalcade 1

Fir datt sech d’Fraisen och e bëssen decken, gëtt beim Fussballclub zum Beispill och eng Participatioun gefrot. All Mënsch deen da mat um Wonn dobäi ass, bezilt eppes fir datt een och dat Joer drop eppes an der Kees huet. Et hofft een natierlech och Präisser ze gewannen, zum Beispill dee vum schéinste Won. Mee du huet een awer Konkurrenz, eng 52 Foussgruppen a Ween sinn e Sonnden zu Dikrech mat dobäi. Dorënner och d’Landjugend Süden. D'Liz an de Chris sinn am Comité a sie hunn eis de Moien och verzielt, datt se e fonkelneie Won dëst Joer hunn. Och si hu stonnelaang zanter Oktober un hirem Lego-Won geschafft.

RTL
28/02/2025 BO RTL Reporter Cavalcade 2

Den Depart vun der Kavalkad ass e Sonnden um 14h30. Fotoen an déi ganz Interviews ginn et op radio.rtl.lu

RTL