... 66 Joer gëtt op enger Spillsaachefoire zu New York di éischt Barbie Popp presentéiert. Hir Erfinderin hat wärend enger Vakanz an Europa di sougenannte Bild-Lilli entdeckt a sech dorun orientéiert. Haut ass d'Barbie e Klassiker an eng vun de meeschtverkaafte Spillsaache vun der Welt.

09/03/2025 Haut virun...

1842 gëtt dem Giuseppe Verdi seng Oper Nabucco uropgefouert an der Scala zu Mailand. Säin drëtte Wierk geréit zum groussen Erfolleg, nodeems de Komponist no ufänglechen Enttäuschungen eigentlech schonn ophale wollt mat der Musek. Spéider schreift de Verdi an engem Bréif, dass hie wéinst sengem Succès keng roueg Stonn méi gehat hätt no Nabucco.

Mir bleiwen zu Mailand. 1908 gëtt de Futtballveräin Internazionale Milan gegrënnt, vun rosene Spiller déi net beim Milan Cricket and Football Club dierfe spille, well se keng Italiener sinn. Inter ass, am Géigesaz zum spéideren AC Milan, oppe fir Spiller vun alle Nationalitéiten.

Am Pazifikkrich gräife 1945 amerikanesch Bomberen Tokio un. Des Attack op di japanesch Haaptstad gëllt als schwéierste konventionellen Ugrëff vun allen Zäiten. Mat ronn 100.000 Doudegen ass d'Zuel vun den Affer vergläichbar mat deene vun den Atombommenofwërf op Hiroshima a Nagasaki.

1964 ginn zu Dearborn an den USA di éischt Modeller vum ganz neie Ford Mustang gebaut. Se sinn all wäiss an hunn e rouden Interieur. Offiziell presentéiert gëtt de neie Libling vun de Masse réischt 5 Woche méi spéit. Owes nom Verkafsstart leie bei Ford scho Bestellunge vu méi wéi 22.000 Mustangen am Tirang.

1974 ergëtt sech de Leutnant Hirō Onoda. De japaneschen Offizéier war 1945 virun den Amerikaner an den Dschungel vun de Philippinne geflücht. Flugblieder dass de Krich eriwwer ass, hält hie wärend Jore fir Propaganda vum Géigner. Den Onoda, dee scho fir dout erkläert gi war a nach ëmmer seng Uniform dréit, ergëtt sech um Enn eréischt, wéi e vu sengem fréiere Virgesetzten dozou opgefuerdert gëtt.

1987 brénge U2 hiren Album The Joshua Tree eraus. Ee vun de beschten Albumen aus den 1980er Joren a mat gutt 25 Milliounen Exemplairen och ee vun de meeschtverkaaften. Produzéiert vum Brian Eno gëtt dëse 5. Studioalbum vu U2 spéider mat 3 Grammyen ausgezeechent.

1451 kënnt den Amerigo Vespucci op d'Welt. Den italieenesche Séifuerer an Entdecker ass deen éischten Europäer, deen di nei entdeckte Welt am Weste net fir asiatesch oder indesch Inselen hält, mee fir e ganz neie Kontinent. Dëse gëtt 1507 vun engem däitsche Kartograph no him sengem Virnumm America genannt. Wat bis haut sou bliwwen ass.