
© Renée Wirth
Elo an dësem Moment misste se mattendra sinn, an der Generalprouf. D'Debutanten déi muer den Owend d'Ouverture vum 67. Wiener Opernball wäerte maachen. Mat dobäi och eng Lëtzebuergerin. Mir hu si am Virfeld begéint a mat hier iwwert hier Participatioun bei dësem Event geschwat.
D'Renée Wirth wunnt zanter 2 an engem hallwe Joer zu Wien a studéiert Gei. Hire Wonsch war et vun Ufank un eng Kéier beim Wiener Opernball kënne matzemaachen. Well si awer zu deem Zäitpunkt nach kee festen Danzpartner hat, huet dat leider net geklappt. Dat sollt sech awer änneren. Nodeems si sech an enger Danzschoul ugemellt huet, d'Coursë matgemaach huet an en Danzpartner fonnt huet, gouf du mol einfach eng Kandidatur eragereecht.
"Op der Websäit vun der Wiener Staatsoper ass de Formulaire wou ee sech dann einfach umelle kann an da muss een dann och e Liewenslaf aschécken, Fotoe vu sech a wéi eng Baler ee schonn opgemaach huet, a wéi enger Danzschoul een ass, wéi een Niveau ee mécht grad wou een danzt. An da kritt een eng Réckmeldung, dass een an déi 2. Ronn kënnt an dann danzt een entweder hei an der Staatsoper vir oder et schéckt een eben e Video eran."
Fir iwwerhapt eng Chance ze hu fir weiderzekommen, muss een natierlech mol de Wiener Walzer, also de lénkse Walzer, danze kënnen an net iwwer 25 Joer fir d'Dammen an 28 fir d'Hären al sinn. Wann een da bis ugeholl ass, heescht et prouwen, prouwen, prouwen. Dat mat engem Choreograph deen op all Beweegung oppasst déi ee mécht. An do kann een net egal wéi untrieden.
"Et ass scho ganz strikt do mat dee Kleedervirschrëften. Mir mussen eng wäiss Blus undinn, eng schwaarz Jupe, en transparente Collant, wäiss Schong."
A fir d'Häre ass et de schwaarze Kostüm mat engem wäissen Hiem. Muer fir de groussen Optrëtt ass dann de Frack a fir d'Fraen ass d'Lëscht vun den do's and dont's dann awer nach e bëssi méi laang:
"Bei den Dammen ass et e "bodenlanges, weisses Abendkleid" an dat däerf da kee Schlitz un de Been hunn, net ze vill Glitzer, net ze vill Spëtzt, kee groussen Decolleté. De Réck däerf net ze fräi sinn an da muss een och déi wäiss laang Händche bis iwwert den Ielebou undinn. An Danzschong déi vir zou a wäiss aus Satin sinn an d'Coiffure muss eng Hochsteckfrisur sinn. D'Ouerréng dierfen net ze laang sinn, se mussen éischter kleng an onopfälleg si well mir kréie jo deen Diadem deen all Joer extra designed gëtt fir den Opernball an do dierfen déi aner Bijouen net ze opfälleg sinn."
Wien d'Renée Wirth an hiren Danzpartner muer bei der Ouverture vum Wiener Opernball wëll materliewen, dee kann dat ënnert anerem live um 3sat maachen. Rendez-vous ass hei Owes ab 20:15 Auer.