... 194 Joer grënnt de leschte franséische Kinnek Louis-Philippe I. d'Friemelegioun. Des Arméi aus auslänneschen Zaldoten gëtt ugangs am Kader vun der afrikanescher Kolonialiséierung agesat, an operéiert just baussent de franséische Staatsgrenzen.

10/03/2025 Haut virun...

Watson, come here. I need you. Sou kléngt 1876 dat alleréischte verständlecht Telefonsgespréich, wéi den Erfinder Alexander Graham Bell säin techneschen Assistent Thomas Watson bei sech rifft, well him e Mëssgeschéck passéiert ass mat enger Saier.

Per Dekret ginn haut virun 126 Joer a Frankräich Verkéiersreegelen agefouert. Um Land ass eng Maximalvitesse vun 30km/h erlaabt, bannent den Uertschafte sinn der 20. Donieft muss de modernen Automobilist eng gro Kaart vum Won virweise kënnen, an och e Fürerschäin.

RTL

© Pixabay

De Josef Stalin proposéiert 1952 den Alliéierten Verhandlungen iwwert eng Reunifikatioun an eng Neutraliséierung vun Däitschland. Des sougenannte Stalin-Notten ginn awer vun alle Parteien an och vun den Däitsche refuséiert, well se fäerten dass de sowjeteschen Diktator d'Westintegratioun vun der BRD domat stéiere wëllt.

De Peloponnesesche Krich tëscht de Bündnisser vun den Athener a vun de Spartaner gëtt ronn 400 Joer v.Chr. gefouert, mam Resultat dass Athen um Enn vu senger Muecht ass. Réischt haut viru 29 Joer gëtt de Friddensaccord tëscht de Parteien ënnerschriwwen. Besser spéit wéi ni.

Haut viru 27 Joer huet den Giovanni Trapattoni es genuch. Den italieeneschen Trainer vum FC Bayern München verléiert op enger Pressekonferenz d'Contenance a léisst wärend gutt 3 Minutte sengem Frust fräie Laf.

Kuerz nom Depart fält 2019 an Ethiopien e Fliger erof, allen 157 Leit u Bord stierwe bei dësen Accident. Well de Crash genee sou en ongewéinleche Verlaf huet wéi en anert Ongléck 5 Méint virdru mat selwechten Typ Fliger, ginn alle Boeing 737 Max 8 fir 22 Méint aus dem Verkéier gezunn an iwwerschafft.

85 Joer al gëtt haut den amerikaneschen Acteur a Karateweltmeeschter Chuck Norris. Genee sou bekannt wéi seng Rollen um Ecran sinn och di sëllege Spréch iwwert hien. Kennt Dir z.B. deen: Den Chuck Norris huet scho bis Onendlech gezielt. 2x.
Den Chuck Norris ësst säi Knoppers schonn um hallwer 9.
Den Chuck Norris kennt di lescht Zuel hannert dem Komma vu Pi.
Den Chuck Norris ësst keen Hunneg. Hie knat Beien.
Den Chuck Norris huet säi Schlofsak waakreg gemaach.
Den Chuck Norris ka net fléien. Hie mécht et trotzdeem.

......