
© pixabay.com
Wann een op der Strooss ënnerwee ass, begéint een ëmmer mol nees Leit déi op der Busspuer ënnerwee sinn obwuel se eigentlech kee Bus fueren. Do stellt sech dann d'Fro: Dierfen déi dat? A wat geschitt wann een als normalen Autofuerer d'Busspuer benotzt? Mir hunn nogefrot.
Virop vläicht mol nach eng Kéier, als klenge Rappel, wat eng Busspuer eigentlech ass. Claude Paquet vum Mobilitéitsministère:
"Eng Busspuer ass eigentlech ganz einfach ze verstoen an et ass och ganz einfach ze fanne wou se sinn. Se sinn doduerch ze erkennen, dass dat blot, ronnt Schëld do ass mat engem Bus drop. Wann dat do ass, dann ass dat dee Moment eng Busspuer an do däerf dann och nëmmen den ëffentlechen Transport an d'Schoulbussen drop."
Donieft däerf awer och alles drop fuere wat vun der Administration des transports publics organiséiert gëtt, wéi zum Beispill de Mobibus oder den Adapto. Fir de Recht däerf elo awer och net all Bus dës Spuer benotzen.
"Et ass ëffentlechen Transport, dat heescht déi Busser vum ëffentlechen Transport däerfen driwwer fueren, awer d'Reesbusser déi hei duerch Lëtzebuerg fuere fir an d'Vakanz oder sou, déi däerfen do net drop fueren."
Ënnert dem bloe Bus-Schëld fënnt een dacks nach e wäisst Schëld op deem "véhicule visé par l'article 107 du code de la route" steet. Wat heescht dat?
"Dat ass e Schëld wat sech haaptsächlech u professionell Fuerer wéi zum Beispill Taxifuerer oder Ambulanzen déi net am service urgent sinn, oder Doktere wa se Déngscht hunn respektiv Busser wa se an der Auto-école ënnerwee sinn oder fir den Examen ze maache fir de Busführerschäin ze kréien. Oder och nach Forgone déi mat Sue ronderëm fueren. Dat si sou Ausname bei deem Schëld."
An da gëtt et och alt mol e weidert Schëld op der Busspuer an zwar dat mat engem Vëlo drop. Do ass et dann esou, dass do op der Busspuer och Vëloen däerfe fueren. Sollt een als normalen Autofuerer op enger Busspuer erwëscht ginn, da muss ee bezuelen:
"Da gëtt et e Protokoll vu 74 Euro well een eben op enger Plaz ass déi fir en anere reservéiert ass am Stroosseverkéier."
Also vläicht keng sou gutt Iddi. Iwwregens, dat selwecht gëllt wann een op enger Busspuer stoe bleift well ee séier muss eppes ofliwweren oder siche goen.