Algarve, Mallorca, Rimini... sinn nëmmen e puer vun de Klassiker wann et drëms geet, eng Vakanz op der Plage ze buchen. Mir hunn eis awer mol op d'Sich gemaach no manner bekannten Destinatiounen, déi awer lues mä sécher an den Trend kommen. Mat der Nummer 1 hutt Dir garantéiert net gerechent!

13/03/2025 Courage fir op d'Plage?

Aner Mammen hunn och schéi Kanner, an aner Länner hunn och schéi Plagen. Wien hätt geduecht, dass d'Hallefinsel Ksamil am Süde vun Albanien de Moment de meeschten Zoulaf huet? Jiddefalls mol am Internet. Online-Analysen hunn erginn, dass déi Regioun di héchste Recherche-Zuelen huet op Google an TikTok.

Iwwerrascht sidd Dir bestëmmt och, wa mir Iech soen dass op Plaz 2 eng Uertschaft a Montenegro kënnt. Budva gehéiert zu den eelste Stied iwwerhaapt un der Adria, mat engem schéinen Alstadkär.

Griicheland dierf natierlech net feelen an der Lëscht. Rhodos, Kreta, Korfu a Santorin loosse mir awer lénks leien an interesséieren eis fir Plaz 3 am Ranking. D'Insel Paros, am Zentrum vun de Kykladen geleeën, ass via Fliger a Fär mam Festland verbonnen.

Fir di 4. Plaz, déi am Trend läit, geet et a Mexiko op Puerto Escondido.

Goa an Indien ass den Trendzuele no op Plaz 5 bei der Sich am Internet.

Kommen elo da Bondi Beach an d'Copacabana? Gewass - Taghazout am Weste vu Marokko läit voll am Trend. Do hu sech net ëmsoss schonn d'Hippien aus de 60s wuelgefillt. Haut ass et nieft dem Chillen op der Plage och eng Destinatioun fir Surfer, Taucher a Seegler.

Eng asiatesch Plage dierf net feelen - ganz ugesot op der 7. Plaz ass aktuell El Nido op de Philippinnen.

Waikiki Beach op Hawaii ass och de Moment gefrot a steet op Plaz 8. 

Op der Seven Mile Beach op Jamaika (net ze verwiessele mat där op de Caymaninselen) fannt Dir och alles wat d'Häerz begiert, mä wien huet da scho mol Vakanz um Mier gemaach an England?

Folkestone, am Südoste vu Groussbritannien, ass bekannt well do den Eurotunnel ophält. Manner gewosst ass, datt hir Plagen duerchaus Vakanzefeeling vermëttelen. An am Réck huet een di géi Fielsformatiounen aus Kallek.

Di ganz Top 10 nach emol am Iwwerbléck:
10) Folkestone, GB
9) Seven Mile Beach, Jamaika
8) Waikiki Beach, Hawaii
7) El Nido, Philippinnen
6) Taghazout, Marokko
5) Goa, Indien
4) Puerto Escondido, Mexiko
3) Paros, Griicheland
2) Budva, Montenegro
1) Ksamil, Albanien