
© Pixabay
... 143 Joer hält de franséischen Historiker Ernest Renan eng Ried op der Sorbonne zu Paräis zum Thema "Wat ass eng Natioun?". Hie stellt doran eng Theorie op, no där di verschidde Natiounen zu Gonschte vun enger europäescher Konfederatioun verschwanne wäerten.
No bal 250 Joer ginn d'Fransouse 1911 hire Paräis-Meridian op, a iwwerhuelen dee vu Greenwich a Groussbritannien, deen d'Basis ass vum internationale Koordinatesystem. Als Referenz fir hir Auerzäit bezéien d'Fransousen sech awer weider, bis 1978, op hire Paräisser Meridian. An anere Länner geet dat bësse méi séier.
Een Dag nom Konstantin Tschernenko sengem Doud wielt den Zentralcomité vun der KPdSU 1985 de Michail Gorbatschow zu hirem neie Generalsekretär. Mat Glasnost a Perestroika (Oppenheet an Ëmbau) reforméiert hien di sowjetesch Politik a leet zesumme mat den USA d'Enn vum Kale Krich an. 1990 krit de Gorbi de Friddensnobelpräis.
1991 gëtt d'Monica Seles nei Nummer 1 am Dammentennis. Di gebierteg Serbin léist d'Steffi Graf of, déi do virdrun 186 Woche laang um Stéck un der Spëtzt vun der Weltranglëscht stoung. Béid Spillerinne wäerte sech di nächst 2 Joer d'Plaz un der Tennis-Sonn ëmmer rëm streideg maachen.
Virun 21 Joer stierwe bei enger Serie vu Bommenuschléi op Zich zu Madrid 191 Leit - méi wéi 1500 gi blesséiert. Dräi Woche méi spéit sprengt sech de presuméierten Attentäter aus Tunesien, zesumme mat 6 Komplizen, bei enger Policerazzia an d'Luucht. Genee e Joer méi spéit weit de Kinnek Juan Carlos zu Madrid de Bësch vun der Erënnerung mat 192 Beem an.
2011 gëtt di japanesch Ostküst vun engem schwéieren Äerdbiewe getraff, dat en plus fir en Tsunami suergt. Als Resultat dovu fält de Killsystem vun de Reakteren zu Fukushima aus an et geréit Radioaktivitéit an d'Ëmwelt. Bal 20.000 Leit kommen ëm d'Liewen, d'Schied leien am dräistellege Milliardeberäich.
Haut viru 5 Joer deklaréiert d'Weltgesondheetsorganisatioun d'Ausbreedung vum Coronavirus zur internationaler Pandemie. 2023 hieft d'WHO d'Gesondheetsnoutlag zwar op, erkläert awer gläichzäiteg dass d'Pandemie domat nach net eriwwer wier. Bis haut si geschaten 20 Millioune Leit um Virus gestuerwen.
75 Joer al gëtt haut den amerikaneschen Jazzmuseker a Vokalkënschtler Bobby McFerrin.
70. Gebuertsdag fir di däitsch Sängerin a Godmother of german Punk Nina Hagen.
46 Joer kréien d'Zwillinge Benji an Joel Madden, bekannt mat hirer Rockgrupp Good Charlotte.