
© Pixabay
... 131 Joer gëtt Coca-Cola fir di éischte Kéier a Fläsche verkaaft. Et sinn awer net déi berüümt a geschützte Konturfläschen. Déi kommen eréischt 1915 eraus an droen dozou bäi, dass Coca-Cola haut eng vun de wäertvollste Marken op der Welt ass.
Deemools, 1918, ass dat nach anescht zu Moskau. Haut virun 108 Joer maachen d'Bolschewicken, nodeems se d'Muecht iwwerholl hunn, Moskau zur Haaptstad vun hirer neier Sowjetrepublik amplaz vu Petrograd. Di nei Regierung zitt an de Moskauer Kreml.
1938 ass et de sougenannten Anschluss vun Éisträich un dat dat Däitsch Räich, wéi d'Wehrmacht an d'Alpeland amarschéiert. Offiziell sinn 99% vun der Bevëlkerung fir deen Zesummeschloss vu béide Länner.
1940 geet de finnesch-sowjetesche Wanterkrich op en Enn. Finnland muss zwar verschidde Gebidder un d'Russen ofginn, bleiwen dofir awer e souveräne Staat. 15 Méint méi spéit gëtt de Krich weidergefouert an d'Finne musse nach méi Terrain ofginn.
Den US-President Harry Truman verëffentlecht 1947 seng sougenannten Truman-Doktrinn, déi op der Zwee-Lager-Theorie baséiert. Senger Meenung no sollen d'USA den aussepolitesche Grondsaz vertrieden, dass si anere fräie Vëlker a Konflikter bäistinn. Sou soll de Kommunismus sech net weider kënnen ausbreeden. Et ass quasi den "offiziellen" Ufank vum Kale Krich.
1987 feiert eng iwwerschaffte Versioun vum Musical Les Misérables seng Première um Broadway zu New York. 16 Joer méi spéit fält dee leschte Riddo an "Les Miz" gëtt zu engem vun den 3 Musicallen mat der längster Lafzäit um Broadway.
1993 explodéieren zu Bombay an Indien direkt 10 Bomme gläichzäiteg, a kaschten 257 Mënschen d'Liewen. Kee bekennt sech zu dësen Uschléi, et gëtt awer ugeholl dass islamistesch Gruppéierunge mat Kontakter zu Pakistan dohannert stiechen.
Haut virun 12 Joer ass et zu Los Angeles d'Weltpremière vum éischte Film aus der Rei vun The Hunger Games. Die Tribute von Panem ginn zum internationale Succès an et komme 4 Filmer no. Am Laf vum nächste Joer gëtt mat engem 5. Deel gerechent.