... 131 Joer gëtt an engem Paräisser Variététheater den éischte professionelle Striptease gedanzt. D'Kënschtlerin gëtt wéinst hirer Virféierung zu enger Geldstrof verdonnert. Genee 11 Joer méi spéit gëtt eng bis dohin onbekannten Dänzerin mam Pseudonym Mata Hari fir hiert kënschtlerescht Ausdoe stiermesch gefeiert.

13/03/2025 Haut virun...

Haut virun 100 Joer gëtt mam sougenannte Butler Act am Tennessee gesetzlech verbueden, op staatleche Schoule de Kanner dem Darwin seng Evolutiounstheorie bäizebréngen, well de Mënsch vu gëttlechem Ursprong wier, a net vu niddere Kreaturen ofstame géif. Dem Léierpersonal dréie Geldstrofen tëscht 100 a 500 US-Dollar. 1967 gëtt d'Gesetz rëm ofgeschaaft.

Obwuel en geheim ass, gëtt bekannt dass 1954 de sowjetesche Geheimdéngscht KGB gegrënnt gëtt. De sougenannte Comité fir Staatssécherheet ass bannent a baussent de Grenzen aktiv, an operéiert an engems als Geheimpolice vun der UdSSR. Donieft gi Regimmgéigner kontrolléiert an di wichtegst Membere vun der Politik bewaacht. Nom Enn vun der Sowjetunioun geet de Groussdeel vum KGB iwwer an di nei Servicer FSB an SWR.

Als Pogo de Clown huet den John Gacy Kannerfester animéiert. Haut viru 45 Joer gëtt den Amerikaner am Bundesstaat Illinois wéinst Vergewaltegung a Mord un 33 jonke Männer zu 21x liewenslaangem Prisong an 12facher Doudesstrof verurteelt. Mat deem Urteel kënnt de Seriemäerder an d'Guinness-Buch vun de Rekorder. 1994 gëtt de sougenannte Killer Clown exekutéiert.

Mat der Sojus-T-15-Missioun fléie 1986 2 Kosmonauten an de Weltall. Hiert Zil ass di nei Raumstatioun Mir, déi si als éischt bewunne wäerten. Duerno fléie se weider an di al Raumstatioun Saljut 7, déi mat der Arrivée vun der Mir ausgedéngt huet. No 50 Deeg do geet et nach emol hannescht op d'Mir an dann zréck op d'Äerd. Dat si bis haut di 2 eenzeg Weltraumflich tëscht zwou Raumstatiounen.

1988 gëtt a Japan de 54km laange Seikan-Tunnel tëscht den Inselen Honshu a Hokaido a Betrib geholl. Et ass dee Moment dee längsten Eisebunnstunnel vun der Welt. Entretemps ass dee Rekord an der Schwäiz gelant beim Gotthard-Basistunnel, dee 57km laang ass.

Haut virun 13 Joer gëtt annoncéiert, dass et vun der renomméierter Encyclopædia Britannica an Zukunft keng weider gedréckten Oplag méi wäert ginn. No 244 Joer ass d'Editioun vun 2010 déi lescht - zanterhier gëtt et d'Britannica just nach an digitaler Form. Domat gëtt och vill Pabeier gespuert - déi lescht Editioun huet aus 32 Bänner bestanen.