... 48 Joer rifft e japanesche Zockerbäcker de "White Day" an d'Liewen. En ass d'Géigestéck zum Vältesdag, op deem sech di Beschenkte revanchéiere kënnen - dacks mat wäissem Schockela, well d'Faarf Wäiss am asiatesche Raum fir Gléck steet.

14/03/2025 Haut virun...

377 Deeg hounge se fest am Äis. Haut virun 126 Joer ka sech dat belscht Fuerschungsschëff Belgica aus eegener Kraaft befreien a weidermaache mat senger Expeditioun duerch d'Antarktis. Et ass den Optakt vum sougenannte gëllenen Zäitalter vun der Südpolfuerschung. Zweeten Offizéier un Bord ass den deemools nach jonke Roald Amundsen, dee spéider als Éischten um Südpol wäert sinn.

Rover presentéiert 1950 den éischten Auto, dee vun enger Gasturbinn ugedriwwe gëtt. Den Jet 1 huet 100 Päerd an erreecht bis zu 136km/h. Bis an d'1960er Jore fuerschen d'Englänner weider mat verbesserte Gefierer, se fuere souguer op der 24 Stonne Course zu Le Mans mat, mee räif fir d'Serie gëtt hir Turbinnentechnik fir d'Strooss ni.

Och 1950 verëffentlecht den FBI fir di éischt Kéier eng Lëscht mat den 10 meeschtgesichte Kriminellen. Zanterhier stoungen eng 600 Leit op där Lëscht, vun deenen der ronn 500 gefaasst konnte ginn. Als Belounung wénken entretemps op d'mannst 250.000 Dollar. Zanter dem 9/11 féiert den FBI eng separat Lëscht fir di meeschtgesichten Terroristen.

1970 geet zu Osaka a Japan di éischt Weltausstellung an Asien op. 1040 Exposanten aus 78 Länner huelen drun deel a maachen d'Expo 70 zu enger vun de gréissten iwwerhaapt. Zu den Highlighten zielen den éischten IMAX Film, e Virleefer vum mobillen Telefon, e beweegleche Sushi-Tapis, an en décke Steen deen d'Apollo 12-Missioun vum Mound matbruecht hat.

1820 ass et d'Gebuert vum Vittorio Emanuele II., Kinnek vun Italien a Sardinien, deen d'Land zesummegeféiert huet. Dem beléiften Gentleman-Kinnek zu Éiere ginn et 2 bekannte Monumenter an Italien. Di sougenannte Schreifmaschinn zu Roum, an di bekannten Akafsgallerie zu Mailand.

1879 kënnt den däitsche Physiker an Nobelpräisdréier Albert Einstein op d'Welt. Näischt domat ze dinn huet awer de Fait, dass haut och de Weltdag vun der Kreeszuel Pi ass. Dëse gëtt 1988 eng éischte Kéier gefeiert, wéi en amerikanesche Physiker e ronne Kuch béckt fir seng Aarbechtskolleegen, an sou vill wéi méiglech Zuele vun hannert dem Komma drop moolt. Dovu sinn der aktuell 62.8 Billioune Stéck gewosst - di momentan leschten ass aktuell eng 4.

92 Joer al gëtt de britteschen Acteur Sir Michael Caine - hien huet 2x en Oscar, 3x e Golden Globe gewonnen, an huet a méi wéi 160 Filmer matgewierkt.

92 Joer al gi wier haut de Quincy Jones, legendäre Museksproduzent, dee mat "Thriller" vum Michael Jackson säi gréisste Succès hat.

67 Joer al gëtt den Albert vu Monaco.