Dëse Sonndeg ass d’Indoor-Landesmeeschterschaft am Bouschéissen op 18 Meter am Centre National de Tir zu Stroossen. Deen Dag fält och d’Entscheedung am Interclub vun dëser Saison. D’Sandra Mélan huet Informatiounen iwwer déi verschidde Béi an den Oflaf vun deem Dag.

13/03/2025 Landesmeeschterschaft an Interclub Bouschéissen (rtl.lu)

Ier et moies um 9.00 Auer lass geet, muss jidderee vun den iwwer 100 Tireure säi Bou prett hunn. Tun Schlechter, Präsident vun der FLTA:

«Wann d’Competitioun bis ugefaangen huet, da kann een och sanktionéiert ginn. Dat heescht wann ee mat engem Bou schéisst, deen net reglementaire ass, dann dat festgestallt gëtt, sinn all d’Feiler, déi ee bis zu deem Zäitpunkt geschoss huet, ginn dann genullt an da muss een de Bou richteg maachen a weider schéissen. Also et ass schonn een Interêt do, fir virdrun ze kucken.»

Et ginn 3 Kategorien Béi, déi op den Indoor-Championater zougelooss sinn. Den einfachste Bou, ouni Viséier an ouni Stabilisatiounen, ass de Blankbou, och nach Barebow genannt.

«Dann hu mir d’Recurvebéi, dat sinn déi, déi op der Olympiad geschoss ginn. Dat ass am Prinzip gréisstendeels dee selwechte Bou, wéi lo ee Blankbou, mee do däerf een dann ee Viséier dru maachen. Et däerf ee Stabilisatiounen dru maachen. Bei de Compoundbéi, dat ass dann déi 3. Kategorie, déi mir hunn. Dat si Béi, do si Pullien drun an do däerf een vill méi «Zubehör» nach hunn. Do däerf een och eng Lupp an dem Viséier dran hunn fir ze vergréisseren."

Moies ass d’Qualifikatioun an 2 Duerchgäng mat all Kéier 10 Ronnen. Op all Scheif gëtt zu 2 an 2 geschoss. Pro Ronn huet jidder Bouschéisser 90 Sekonnen Zäit 3 Feiler ze schéissen. Fir de Wiessel vun den Tireure sinn 10 Sekonne virgesinn. Eng Luucht an akustesch Signaler hëllefe bei dësem Rhythmus. No deenen am Ganzen 60 Feiler steet da fest wien an de Finale steet, Tun Schlechter:

«Mir hunn eng Aachtelsfinall, do si 16 Participanten dran an den Tablo ass esou gemaach, datt den 1. géint de 16., den 2. géint de 15., den 3. géint d 14. asw bis dann den 8. géint den 9. schéisst. A wien dann an engem Match gewënnt, dee kënnt an den nächsten Tour vun de Finallen an deen aneren ass eraus. Wann dann elo effektiv just 12 Leit an der Kategorie dra sinn, dann heescht dat, datt den 1. géint de 16. gewonnen huet, well kee 16. do ass. Dat nennt een e Fräilous ,well ebe kee Géigner do ass».

Mat de Qualifikatioune vum Moien geet dann och den Interclub vun dëser Saison op en Enn, Luigi Laera, Präsident vun de Mousel Archers.

«Do ginn et am Fong geholl déi 3 verschidde Kategorien. Do hu mir Barebow, Recurve a Compound. A pro Kategorie do ginn all Kéiers déi 3 bescht "Schützer" geholl, vun all Alterklass a Geschlecht confondu, déi zesumme gerechent ginn an dat gëtt eng Nott fir herno an de Klassement vum Interclub.»

Dee Club, deen dann déi meeschte Punkten huet, gewënnt den Interclub vun der Saison.

Ee Sonndeg geet et dann um 9.00 Auer un am Centre National de Tir zu Stroossen, wou d'Tireure sech mat 3 Mol 3 Feiler aschéisse kënnen, déi nach net zielen.