
© Christine Thürmer
Sie ass méi wäit gewandert wéi den Hape Kerkeling an d'Cheryl Strayed zesummen. Ënnert hirem Spëtznumm "German Tourist" ass d'Christine Thürmer eng Legend um Hiking Trail. An dat obwuel se virun hirem éischte Wanderschrëtt total onsportlech a just op den Alldag fixéiert war. Nom éischte Solotrip huet sech alles verännert. Michèle Schons?
65.000 Kilometer huet d'Christine Thürmer mëttlerweil hannerun sech. Viru 17 Joer huet se hiert Liewen als Manager opginn an zanterhier ass se mam Zelt uechter d'Welt ënnerwee. Déi 57 Joer jonk Fra wandert Laangzäit a Laangstrecken. Eng Route vun 1000 Kilometer ass fir si Peanuts. Si huet net nëmmen hallef Amerika duerchwandert, ma ass och an Europa vun Nord bis Süd, a vu West bis Ost gewandert. Alles huet ugefaange wéi se hiren Job verluer huet.

© Christine Thürmer
Do muss een dach bestëmmt onmoosseg fit sinn, fir esou wäit ze goen?
Dat ass d'Virstellung, déi déi meescht Leit hunn, iert se esou en Trail uginn. Dat ass awer net de Fall. Et kënnt op d'Equipement un, wat ee mat derbäi huet. D'Christine huet esou laang ronderëmgedoktert, bis se op e Gewiicht vun nëmme 5 Kilo komm ass. Esou ass se och haut nach ënnerwee.

© Christine Thürmer

© Christine Thürmer
Esou laang aus der Zivilisatioun eraus, op sech gestalt, dat mécht natierlech eppes mat engem. Beim Wäitwanderen nom ultraliicht Prinzip ass een op sech gestallt. Virun allem op de berüümte Wanderweeër an Amerika, Pascific Crest, Continental Divide oder Appalachian Trail, déi matten duerch d'Wildnis ginn an op deenen och näischt fir Oflenkung vun den eegene Gedanke suergt.

© Christine Thürmer
Wat un esou engem Liewe mécht een esou glécklech? Dat beschreift d'Christine ënnert anerem an hire Bicher oder erzielt et an hirer Show Wander Woman, mat där se Enn Mäerz elo och zu Tréier an zu Saarbrécken op Besuch ass.
Lauschtert hei de ganzen Interview mam Christine Thürmer:

© Christine Thürmer