"Wat fir ee Wee kënnt der eis da recommandéieren?" Eng Fro mat där d'Wanderexpertin a Bestsellerautorin Christine Thürmer ëmmer nees konfrontéiert gëtt. Si ass "Thru-Hikerin", dat sinn Hiker, déi laang Strecke bis zum Schluss wanderen. No méi wéi 65.000 Kilometer ze Fouss ass et schwéier eng Äntwert ze fannen, déi allgemeng zefridde stellt. Mënsche si verschidden. An zum Gléck ass och all Trail anescht. Michèle Schons?

10/03/2025 65.000 Kilometer ze Fouss - Christine Thürmer

Der Christine Thürmer hire Beruff ass Wanderen. Net an der Vakanz, och net e Summer laang als Guide, ma si wandert Laangstrecken. D'Glécksschwell ass op esou laange Strecken niddreg. Well een, besonnesch an Amerika, vu Mexiko bis a Kanada eng bestëmmten Zäitfënster wéinst de Wiederkonditiounen anhale muss an op dem virgeschriwwene Wee muss goen, ass een ni wierklech laang eleng a begéint natierlech enge sëllege Leit. Do entsteet déi sougenannten Trailcommunity.

RTL

© Christine Thürmer

RTL

© Christine Thürmer

Si war net nëmmen an Amerika ënnerwee. D'Christine ass bis elo deen eenzege Mënsch, deen souwuel Europa vun Ost bis West, wéi och vu Nord bis Süd gewandert ass. Just fir hir Bicher ze schreiwe mécht d'Christine eng Paus an hirer Wunneng zu Berlin. Soss ass se 250 Deeg am Joer mam Zelt ënnerwee.

RTL

© Christine Thürmer

An hire Bicher geet et ënnert anerem och em d'Rencontren mat aneren Thru-Hiker an de Leit, déi ënnerwee mat Proviant a Waasser hëllefen an natierlech och ëm d'Duerchhalen. D'Christine Thürmer mécht den 28. März mat hirer Show Wander Woman zu Tréier an den 29. zu Saarbrécken Statioun.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Christine Thürmer:

Wander Woman - ganzen Interview
RTL

© Christine Thürmer

RTL

© Christine Thürmer

RTL

© Christine Thürmer