Hutt der Iech och schonn mol d'Fro gestallt, wisou d'Leit alleguer besser drop sinn, esoubal d'Sonn dobausse schéngt? Deet et eis gutt, well et méi waarm gëtt, oder spillt nach eppes anescht eng Roll? A mécht e bloe Himmel eis automatesch glécklech oder ass dat just esou eng psychologesch Astellung?

04/03/2025 D'Sonn - E Gratis Dokter fir Kierper a Geescht

Et gëtt jo dacks gesot d’Sonn mécht gutt Laun. Ech mengen do ass definitiv eppes drun, Michèle Schons? 

Jo, Sonneliicht beaflosst eise Kierper op verschidde Manéieren, besonnesch wann et ëm eis Stëmmung an eis Gesondheet geet. Wann d’Sonn op eis Haut trëfft, stimuléiert si d’Produktioun vu Vitaminn D - e wichtege Vitaminn fir eis Schanken, eisen Immunsystem an eis Muskelen. Et ass esouguer e Fakt, dass Vitaminn D en Afloss op eist Gehier huet an hëlleft, Depressiounen a Middegkeet ofzeschwächen. Mee dat ass net alles. Sonneliicht aktivéiert och Serotonin, en Hormon, dat eng zentral Roll an eiser Stëmmung spillt. Wann de Serotoninspigel héich ass, fille mir eis motivéiert, entspaant a generell méi zefridden.

Mee wat geschitt da genee am Gehier, wann d’Sonn schéngt? Kann een sech dat wéi eng natierlech Dosis Antidepressiva virstellen?

Jo, dat kann een sou soen. Eis Aen hunn eng direkt Verbindung mat eisem Gehier, an d’Liicht signaliséiert eisem Kierper, fir Serotonin a Dopamin fräizesetzen. Dopamin gëtt dacks als "Belounungshormon" bezeechent, well et eis e Gefill vu Freed a Motivatioun gëtt. Ausserdeem huet d'Sonn och en Afloss op eise Schlof-Waach-Rhythmus. Se reguléiert d’Produktioun vu Melatonin, dem Hormon, dat eis hëlleft, nuets gutt ze schlofen. Wann et nuets däischter gëtt, klëmmt de Melatonin-Spigel a mir gi midd. Dofir ass et wichteg, dass mir am Dag genuch Sonneliicht ofkréien, fir de richtege Rhythmus am Kierper ze halen. An dat ass och ee vun de Grënn, firwat mir eis an de Wanterméint, wou et manner Sonneliicht gëtt, dacks méi midd a schlapp fillen. D’Wëssenschaft schwätzt hei vu "Wanterdepressioun", déi bei villen duerch e Mangel u Serotonin a Vitamin D ausgeléist gëtt.

Den Ament hu mer jo och méi dacks e schéine bloen Himmel, mengt een dat just, oder beaflosst och dat eis Laun?

Dat ass eng super Fro, an d’Äntwert ass: Jo, de bloe Himmel huet wierklech en Afloss op eis Stëmmung. Faarwen hu generell eng psychologesch Wierkung op eis. Blo gëtt oft mat Rou, Fräiheet a Wuelbefannen associéiert. Et ass net fir näischt, dass vill Wellnessberäicher oder Spidolsraim a blo Téin gehalen sinn - d’Faarf hëlleft, eis ze entspanen. Ausserdeem verbënnt eist Gehier e bloen Himmel automatesch mat schéinem Wieder, Fräizäitaktivitéiten a positiven Erfarungen, wéi Vakanzen um Mier oder e Picknick an der Natur. Dat beaflosst eist Ënnerbewosstsinn a mécht eis automatesch méi glécklech.

Also, d'Sonn ass dës ganz Woch do, eng gutt Geleeënheet also fir eraus an d'Natur, e Kaffi op enger Terrasse ze drénken oder sech einfach op d'Wiss ze setzen an e bëssen Himmelblo mat Sonnevitaminn ze tanken. Esou e gudden Energie Booster an Antidepressiva fënnt ee soss néierens. An en ass komplett gratis!

RTL

© pixabay