Et gëtt Leit, déi di nächst 4 Jore net an d'USA reese wëllen. Dobäi huet d'Land esouvill interessant Stied ze bidden. Loosse mir also di politesch Situatioun mol kuerz lénks riets a kucken eis ganz onverbindlech di nei Lëscht un mat den 10 beschten amerikanesche Stied, an déi mir reese kéinten.

26/02/2025 Di 10 beschte Stied an den USA

Am Texas geet et lass, mat San Antonio op Plaz 10. Di zweetgréisste Stad am presuméierte Cowboy-Bundesstaat ass e Multikulti-Zentrum, mat enger gutt 5km laanger Promenad laanscht de San Antonio River, dee matten duerch d'Stad fléisst.

Op Plaz 9 bleiwe mir am Lone Star State a ginn an di offiziell Weltstad Dallas. Hire Flughafen huet méi eng grouss Surface wéi Manhattan, a pro Kapp gëtt et do (nach) méi Restaurante wéi zu New York. All grouss Sportaart ass hei vertrueden, a 1963 ass den John F Kennedy do erschoss ginn. Dee Site ass nach ëmmer e Publikumsmagnéit, grad sou wéi d'Southfork Ranch, bekannt aus der Tëleesserie Dallas.

Fir Plaz 8 gi mir un d'Ostküst an eng vun den eelsten, räichsten a kulturellsten Stied. Boston, obwuel mol keng Milliounestad, ass bekannt fir seng Oppenheet a fir seng sëllegen Universitéiten. Am eelste Park vum Land fänkt e 4km laange roude Stréch un, deen op 16 wichteg Statioune vun der Onofhängegkeetsbeweegung féiert.

Nach emol kuerz an Texas mat der Haaptstad Austin op Plaz 7. "Keep Austin weird!" (Loosst Austin komesch!) ass hiren offizielle Motto a steet fir di labber a studentesch orientéiert Stëmmung an der Stad. Néierens an den USA gëtt et méi Clubs a Concertssäll - Austin ass d'Stad vun der Live-Musek.

Wie Sonn, Plage an eng Strandpromenad mat Art-Deco-Gebaier wëllt erliewen, ass op Plaz 6 genee richteg zu Miami a Florida. Wiem de politeschen a geschichtleche Volet vun den USA hautno wëllt spieren, dee lant op der 5. Plaz an der Haaptstad Washington D.C. Eng Taass Kaffi gëtt et beim Donald awer warscheinlech net.

Dann eemol queesch iwwer d'US of A a scho si mir op Plaz 4 un der West Coast zu Los Angeles. Zweetgréisste Stad vun der Natioun, mat der gréisster Schéier tëscht Aarm a Räich. Trotz (oder vläicht grad wéinst?) der Glamourwelt vun Hollywood a sengem gëllene Jong. Musikalesch, a virun allem kulturell eng Rees wäert, mat villen Top-Muséeën. An op der Venice Beach muss ee natierlech d'Mier gesinn hunn.

Déi Plage ass zu Santa Monica - do wou di legendär Route 66 ufänkt. Fuere mir déi duerch bis un d'Enn an da si mir um Podium. Plaz 3 bei de beschte Stied ass fir Chicago. Di sougenannte Part zum Westen ass bekannt fir hiert Iessen, fir hiren eege Blues an Jazz, an de Willis Tower war mol mat 527m dat héchste Gebai vun der Welt. Vum 103. Stack aus gesäit een a 4 verschidden aner Bundesstaaten.

"The Big Easy" krit d'Sëlwermedail. New Orleans am Louisiana bitt vill Kultur, Konscht, Geschicht, Architektur, an e gesellegt Nuetsliewe mat gudder Livemusek. En Ausfluch op d'Plage ass och kee Problem - also wat soll et nach Besseres ginn?

Di beschte Stad an den U.S.A. ass dann awer, bal onvermeidlech, de "Big Apple". New York verännert sech permanent, a bleift domat permanent aktuell. Konscht, Musek, Sport, Kultur, Broadway, Brécken, Fräiheetsstatu a Central Park. 50 Millioune Visiteuren d'Joer kënne sech net ieren.