
© Domingos Oliveira
E Méindeg zesummen gebaut ginn, nëmmen fir zwee Deeg duerno verbrannt ze ginn. Dem Réimecher Stréimännchen seng Liewensdauer ass net immens laang. Dëst ass awer elo scho Traditioun zanter 1821. D'Lisa Weisgerber war bei de Preparatiounen a beim Brennen vum Stréimännchen gëschter dobäi.
Musek, eppes z'iessen an natierlech Feier. Dëst ass d'Ambiance vum Stréimännchen zu Réimech. Et ass awer net nëmmen fir ee gudde Moment mat Famill a Freeën ze verbréngen. De Stréimännche gëtt verbrannt fir symbolesch de Wanter ze verbrennen an d'Sënnen vun de Fuesgecken ze begruewen. Dës Réimecher Traditioun gëtt all Joer vun der Musek organiséiert, déi dëst Joer hir 150 Joer feiert. Duerfir goufen et dëst Joer e puer Ännerungen, d'Presidentin Monique Weizen.
Iddi d'Ancien mat ze huelen. Déi laang an der Musek waren an elo schonn eng Zeit net mei dobäi waren. Een Opruff gemaach an am ganzen hunn sech der Mëtt 20 gemellt, wat vill fir d'Réimescher Musek ass.
Stréi, Kleeder a Hëlze Laten : méi gëtt fir de Männchen net gebraucht. Fir de Camille Schengen ass et elo scho bal eng Traditioun de Männchen ze bauen. zanter 40 Joer këmmert hien sech mat drëms.
Als éischt Gezei eraus sichen. da mat Laten ee Gestell baue fir dat ee besser hält. mat Stréi stoppen, wat ee besser gestoppt ass wat ee besser a méi laang brennt. D'Hoffnung ass och dat puer vun den Anciene erëm de Wee zeréck an d'Musek fannen, esou d'Presidentin.
De Programm gëschter Owend war also: sech erëm ze gesinn, eppes drénken an zesumme Musek spillen. Fir vill vun den Anciene ass et déi éischte Kéier zanter laangem dat si erëm hiert Instrument an de Grapp geholl hunn, esou och fir d'Corinne Kox oder de Jean Kréier.
Mir waren eng gutt Ekipp deemools, mir ware mei jong. fir déi dann erëm ze gesinn an zesummen ze spillen. Dat ass eng gutt Occasioun.
Ech hunn an den 80er Joren opgehale mat spillen, weingst der Aarbecht, ech hunn nach ëmmer e bëssi au Spaass gespillt. an elo ass déi gutt Occasioun vir mat de Kolleegen erëm ze spillen.
De Stréimännche war awer net déi leeschte Kéier wou d'Ancienen mat der Réimecher Musek zesumme gespillt hunn. Enn des Joers ass ee Concert geplangt wou déi aktiv a ancien Musikanten erëm zesumme spille wäerten.