Den Owend an den Energie Tipps mat der Klimaagence kuerz virum Journal op der Tëlee geet et ëm de Stroumpräis. Deen ass am Januar dëst Joer geklommen, an net nëmme well d’Subventioune vum Staat erofgaange sinn, mee och wéinst enger neier Tarifstruktur. Wat bedeit dat fir d’Stéit? A wéi kann een déi Käschte reduzéieren?

05/03/2025 Energie Tipps: Firwat de Stroum sou vill kascht wéi e kascht

De Fen Faber vun der Klimaagence:

“Bei beim Stroumpräis ass et wichteg ze wëssen, dass et verschidden Deeler gëtt, déi de Stroumpräis ausmaachen. Et ass engersäits de Stroum selwer, also dat wat duerch d’ Leitunge fléisst. Et ass zweetens awer och déi Bedeelegung, déi ech hunn un der Notzung vum Reseau. An dann ass et drëttens sinn et d’ Taxen. An déi Verännerung, déi mer elo zum 1. Januar hunn, ass eeben engersäits eng nei Tariffstruktur, dat heescht eng aner Aart a Weis, wéi déi Bedeelegung um Reseau gerechent gëtt. Do gëtt méi staark consideréiert, wéi intensiv ech op de Reseau och dann zréckgräifen.”

Also net méi nëmmen den totale Verbrauch, mee och wann ee vill Stroum beieneen zitt, bestëmmt elo de Präis. Dat bedeit, dass grouss gläichzäiteg Laaschten – wéi eng Wäschmaschinn, eng Wärmepompel an en Elektroauto zur selwechter Zäit – d’Rechnung an d’Luucht dreiwen.

“An op där anerer Säit ass eeben de Volet vun den Netztariffer. Do ass et virun allem wichteg, dass ech eebe probéieren, d’ Gläichzäitegkeet vu groussen Apparater am Bléck ze hunn a virun allem och bei der Borne, wann ech en Elektroauto hunn, eeben ze kucken, fir einfach déi Leeschtung ze reduzéieren. Dat heescht, et ass amplaz vun eelef Kilowatt mat 5 ,5 Kilowatt lueden, dann hunn ech an deem Sënn schonn déi Intensitéit vun der, vun der Leeschtung, déi ech vum Reseau zéien, reduzéiert.”

Mécht dat Ganzt dann iwwerhaapt nach Sënn, wann d’Stroumpräisser klammen?

“Dat heescht et mécht ëmmer nach Sënn op d’ Elektrifikatioun ze setzen. Sief et beim Hëtzen, sief et awer och bei der Mobilitéit, also bei der Elektromobilitéit, dat mécht ëmmer nach Sënn. Engersäits natierlech präislech, mee et ass awer och esou, dass et drëms geet, dass mer natierlech eis insgesamt eise System wëllen ëmbauen. Mir wëllen och als Lëtzebuerg, als Europa méi onofhängeg ginn, natierlech bei der Stroumversuergung. A mir wëllen och méi effizient ginn. An do ass och ganz kloer, wann ech elo en Elektroauto zum Beispill hunn oder eng Wärmepompel, dass einfach déi pro Unitéit Energie, déi ech drastiechen, kréien ech einfach méi eraus. Sief et méi Kilometere beim Elektroauto, sief et méi Hëtzes dann och bei der Wärmepompel. Dat heescht, dee Message mécht ëmmer nach Sënn.”

Mat engem intelligentem Energieverbrauch,dem Vergläiche vum Fournisseur an der eegener Produktioun, bleift d’Elektrifikatioun net nëmmen sënnvoll a wirtschaftlech interessant mä virun allem eng Investitioun an d'Zukunft.