
© Pixabay
Wien en Openthalt a Groussbritannien geplangt huet, brauch dofir vun Abrëll un di elektronesch Areesgeneemegung ETA. Wéi funktionéiert et?
Vum 1. Abrëll un geet de Pass eleng net méi duer, fir an dat Vereenegt Kinnekräich anzereesen. Des Electronic Travel Authorization erlaabt et de britteschen Autoritéiten, schonn am Virfeld déi Persounen z'iwwerpréiwen, déi ouni Visum bei hinnen areese wëllen. Sou soll zum Beispill illegal Awanderung ënnerbonne ginn.
Gefrot gi Numm, Adress, d'Foto vum Pass, eng aner Foto op där di concernéiert Persoun méi al wéi 9 Joer ass, eng Rei Sécherheetsfroen an ob ee virbestrooft bass. Dat alles gëtt een am beschten iwwer d'App vum britteschen Inneministère an. Wie kee passende Smartphone dofir huet, kann et och iwwert e normale Computer maachen.

© Pixabay
Eng erfollegräich Ufro gëtt Iech d'Berechtegung fir Reesen an Openthalter vu bis zu 6 Méint, an engem Zäitraum vun 2 Joer. Wärend där Zäit muss natierlech och de Reespass valid sinn. Di meescht Ufroen dierften automatiséiert bannent Minutten erleedegt sinn, offiziell gëtt awer vun enger Beaarbechtungszäit vun 2-3 Deeg geschwat. Also net ze laang waarden - et kann een zwar ouni Confirmatioun lassfléien, awer mam Risk dann ouni Geneemegung um Flughafe vun der Destinatioun festzehänken bis den OK do ass.
Natierlech kascht dat alles eppes - d'Britte rechne mat Recetten a Milliardenhéicht - ugangs sinn et 12 Euro fir d'ETA, déi am Laf vun de nächste Méint op 19 Euro gehéicht wäerte ginn. Wien also wëlles huet, a noer Zukunft an d'Vereenegt Kinnekräich ze reesen, mécht sech am beschten elo scho bäi.