Si ass méi wäit gewandert wéi den Hape Kerkeling an d'Cheryl Strayed zesummen. Ënnert hirem Spëtznumm "German Tourist" ass d'Christine Thürmer eng Legend um Hiking Trail. An dat obwuel se virun hirem éischte Wanderschrëtt total onsportlech a just op den Alldag fixéiert war. Nom éischte Solotrip huet sech alles verännert. Mëttlerweil huet d'Christine Thürmer iwwer 65.000 km ze Fouss gemaach an hiert Liewen ass definitiv net méi dat selwecht wéi virun 20 Joer.

Wander Woman - ganzen Interview

Beim Wäitwanderen ass een op sech gestallt. Virun allem op de berüümte Wanderweeër an Amerika, déi d'Christine Thürmer allen dräi gemaach huet, de Pascific Crest, Continental Divide oder Appalachian Trail, déi matten duerch d'Wildnis ginn, wou näischt fir Oflenkung vun den eegene Gedanke suergt.

D'Christine war awer net nëmmen an Amerika ënnerwee. Si ass bis elo deen eenzege Mënsch, deen souwuel Europa vun Ost bis West, wéi och vu Nord bis Süd gewandert ass. Just fir hir Bicher ze schreiwe mécht d'Christine eng Paus an hirer Wunneng zu Berlin. Soss ass se 250 Deeg am Joer mam Zelt ënnerwee. 

RTL

© Christine Thürmer

Mat hirer Show "Wander Woman" mécht se Enn Mäerz och Statioun zu Tréier an zu Saarbrécken. Hei erwaart de Publik e lëschtegen Owend mat Anekdoten an Tipps, wou ee gutt gelaunt herno heem geet.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Christine Thürmer:

Wander Woman - ganzen Interview
RTL

© Christine Thürmer