D'Wierkunge vun der Spermaflëssegkeet - ass Sperma gesond?

06/03/2025 Mr. Science - Ass Sperma gesond?

Et ass de Stoff, deen neit Liewen ervirbréngt – Sperma. Beim Geschlechtsverkéier lant deen heiansdo am Mond vun der Partnerin oder vum Partner. Mr. Science, ass dat gesond?

Et gi keng wëssenschaftlech Beweiser, datt Sperma deen ofgeschléckt gëtt d'Gesondheet fërdert. Systematesch Etüde sinn, wéi's de dir bei dësem Thema virstelle kanns, éischter schwéier duerchzeféieren. Mä d‘Hypothees, datt Sperma gutt fir d'Gesondheet wier, dierft schonn doru scheiteren, datt e Mann beim Orgasmus just ongeféier 5 Milliliter Ejakulat ofgëtt – also ronn en Téiläffel voll. A bei deenen allermannste Koppele wäert et zu sou enger reegelméisseger Opnam komme wéi bei dat bei engem Medikament de Fall wier. 

Tatsächlech enthält Sperma Närstoffer, déi fir de Kierper wichteg sinn: zum Beispill Proteinnen, also Eewäiss-Moleküllen. Mä d'Quantitéit ass ganz kleng. Si maache just 5 Prozent vum Ejakulat aus. Dat geet bei Wäitem net duer, fir dass een d'Wierkung mierkt. Dat selwecht gëllt fir aner Stoffer ewéi Kalzium, Magnesium an Zénk. 

Aus wat besteet Sperma dann haaptsächlech?

Niewent Proteinnen an de genannte Spuerenelementer enthält Sperma ënner anerem Aminosaieren, Zitrounesaier, verschidden Zorten Zocker, Hormoner a Spermin – eng Substanz, déi a munche Kierperzelle produzéiert gëtt an déi éischte Kéier am Sperma nogewise gouf. Mä den Haaptbestanddeel ass Waasser: Et mécht wäit iwwer 90 Prozent vun der Spermaflëssegkeet aus. Op d'Spermie selwer entfale just zirka 0,5 Prozent vum Sperma.

Och wann d'Närstoffer net duerginn – huet Sperma awer och positiv Wierkungen?

Na ja, et ginn e puer Studien, déi esou Effete beschreiwen. Amerikanesch Fuerscher hu beispillsweis ënnersicht, ob heefege Kontakt mat Sperma d'Psych vu Frae beaflosst. Si hunn erausfonnt, dass Fraen, deenen hire Partner beim Geschlechtsverkéier kee Kondom benotzt, manner zu Depressiounen tendéieren ewéi anerer. Den Oralverkéier stoung awer net am Fokus vun dëser Studie. An d'Interpretatioun vun de Resultater vun dëser Studie ass och ëmstridden: Well de positiven Effet op d'Stëmmung kéint och ganz onofhängeg vum Sperma – eleng duerch d'kierperlech Intimitéit – ervirgeruff ginn, wat awer net ënnersicht gouf. 

An enger anerer, relativ klenger Etüd hu Wëssenschaftler ënnersicht, ob e méi laange Kontakt mat Sperma d'Risiko fir Preeklampsie senke kéint. Dat ass eng Schwangerschaftskomplikatioun, bei där d’Fra héije Bluttdrock huet an Eewäiss am Urin ausscheet. Eng Analys huet gewisen, dass Fraen, déi virun der Schwangerschaft iwwer zwielef Méint reegelméisseg ongeschützte Geschlechtsverkéier mat hirem Partner haten, méi rar un enger Preeklampsie erkrankt si wéi Fraen, déi manner wéi véier Méint mat hirem Partner zesumme gelieft hunn an dobäi Kondomer benotzt hunn. 
D‘Hypothees: D‘Immunsystem vun der Fra kéint sech duerch de Kontakt mat Sperma un d’Eewäisser vum Papp „gewinnen“, wat spéider Immunreaktiounen an der Schwangerschaft reduzéiere kéint. Ob Sperma schlécken eng änlech Wierkung huet, gouf bis ewell net ënnersicht. Et bleift also spannend an der Wëssenschaft.