Wann et een kloert Zeechen bei eisen Hausdéieren gëtt, dass eppes net stëmmt, dann ass et wann bei frupsen gelappt gëtt. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth hat déi lescht Zäit direkt e puer Clienten an der Praxis wou de Kazemenu net méi geschmaacht huet.

Des Lescht hate mir 4 Kazepatienten hospitaliséiert, déi doheem guer net méi friesse wollten. Beim Pippa war et nodeems déi zaart, kleng Kaz hier salle à manger an d´Rei gemaach kritt hat. De Kikko an de Kiwi haten en allergesche Schnapp, zimmlech sécher wéinst engem  Deopolver a senger Kazestree.  Zanter bal enger Woch hu si net méi gefriess well si d´ Fudder net méi riche konnten. An den Théo hätt seng  Krocketten jo direkt geholl. Mee wéinst deenen hat hien missen mat Steng an der Blos operéiert ginn an un en anert, naasst Fudder, ass hien fir ze Baschten emol net schnoffele gaangen.

Romi Roth - Kazen déi net friessen - Problemer

Kazen hu grad ronderëm d´Fudder wierklech hire Käppchen. An dat kann ganz geféierlech ginn, zB wann hier Liewer an e Keto-Regime kënnt, well se déi eege Substanz verdaut, kréie se e 'Fat-Liver-Syndrome'. 

Fettbëmmelcher zerquëtschen dann d´Zellkären an hirer Liewer an da kënnt et zu enger och bei Kazen déidlecher Liewerzirrhos. D´Pippa, de Kikko, de Kiwi an den Théo goufen dowéinst mat Zockerbaxteren ënnert d´Haut behandelt an mat engem extrae flëssegen Fudder gepeppelt. Beim Pippa hunn dunn Medikamenter géint d´Péng an de Psychostress gehollef, dass et nuets, wa keen an der Géigend war, seng Schësselchen eidel gemaach huet. De Kikko an de Kiwi hunn mat antiallergesche Medikamenter an enger neier Crème fir bannen an d´Oueren, erëm gejickt. An den Téidi krut Appetit iwwert e bësse Valium a wéi hien deenen aneren zwee beim Friesse nogekuckt huet.

Romi Roth - Kazen déi net friessen - Traitement