
© Patrick Greis
Äschermëttwoch a Karfreideg sinn dem chrëschtleche Glawen no déi 2 Deeg an der Faaschtenzäit, wou de Verzicht am gréissten ass. Mä gemenkerhand sinn der vill, déi déi 40 Deeg bis Ouschteren e Krack méi lues maachen an beim Iessen, Drénken an dem Genaschels oppassen. Gutt Fro elo: Kommen déi Wochen och der Gesondheet zegutt? Den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare ass der Fro nogaangen a vergläicht e puer vun den heefegste Regimmer, déi et ginn. Ugefaangen bei der 'Nulldiät' oder dem totale Faaschten.
Hei gëtt iwwer Deeg laang nëmme Waasser, Kraidertéi oder Geméisbritt gedronk a näischt giess. Do geet de Kierper natierlech séier an d'Fettverbrennung iwwer, mä och Muskel gëtt ofgebaut, wat net ideal ass. Souwisou, laang auszehalen ass dat net, an dat mécht een am beschten ënner Kontroll vun engem Dokter, zum Beispill an enger Kuer. Intervallfaaschten, ob elo 18/6 oder 5/2 sief Iech iwwerlooss. Bei 18/6 ësst een 18 Stonnen am Dag näischt, mee dofir ouni Restriktioune wärend 6 Stonnen. Ideal wier moies a mëttes z'iessen, dofir 'dinner skipping', also owes z'iwwersprangen.
Et huet een also de Choix bei de Regimmer, an et gëtt nach Alternativen.
Beim 5/2 ësst een 2 Deeg, déi net hannereneen kommen, an der Woch näischt. Eise Virfueren, de 'Jäger und Sammler' goung et warscheinlech noutgedrongen änlech, well hinnen och net all Ablack e Mammut virun de Spier gelaf ass. Se hate warscheinlech keng 3 Moolzechte mat 3 Snacken dertëscht wéi vill Leit haut. Am Extreemsten ass déi sougenannten 'Warrior Diät' oder 23/1. Wat soll symboliséieren, dass ee just eng eenzeg Moolzecht den Dag ësst. Iesst awer ëmmer genuch Proteinnen, och an de Phasen dertëscht, dat ass wichteg fir gesond ze bleiwen.