
Gëschter Owend war den Optakt vum Zeltik zu Diddeleng an der Kierch Saint Martin. De Festival dauert nach bis e Sonnden. Um 19:00 Auer haut den Owend gëtt am Kulturzentrum opderschmelz deen zweeten Dag lancéiert. Um Line-Up stinn Acts aus Irland, England, awer och Lëtzebuerg.
Authentica
Hannert der Formatioun Authentica stécht déi Italienesch-Lëtzebuergesch Musekerin Martina Menichetti. A senger Musek kombinéiert hatt Aflëss aus dem Latin, keltescher a mediterraner Musek, mat Instrumenter ewéi Flütt, Keyboard, Gittar, Perkussioun a senge staarke Vocals. D'Martina huet och schonn op grousse Bünen ewéi dem Celtic Connections Festival zu Glasgow gespillt. Enn Februar hunn Authentica hiren Debut-Album "Out in the Night" erausbruecht, deen d'Band haut den Owend um 19:00 Auer um Zeltik presentéiere wäert!
Duerno spillt den iresche weltklass Entertainer Brian Brody, ier da Skinny Lister op der Bün stinn.
Skinny Lister
2009 hunn d'Museker vu Skinny Lister sech an de Folk-Clubs vum Londoner Quartier Greenwich kennegeléiert. Mam Folk-Background huet d'Band awer och schonn ëmmer e bësse méi haart Punk-Téin an hir Musek mat afléisse gelooss an esou zünden si op hire Gigs och reegelméisseg Moshpits. Aus dem reenerege London hu Skinny Lister et op Bünen op där ganzer Welt gepackt. D'Band huet Support-Shows fir Acts ewéi Frank Turner, Dropkick Murphys oder Flogging Molly gespillt, awer och vill eegen Headline Shows a klenge schweessegen, a risegrousse Venues. Den 9. Mee brénge Skinny Lister hiren neien Album "Songs From The Yonder" eraus - e puer Songs dovu ginn et sécherlech den Owend schonn exklusiv!
The Henry Girls
Déi dräi Schwësteren Karen, Lorna an Joleen McLaughlin sinn zesummen The Henry Girls - benannt no hirem Bop. Déi studéiert Musekerinne maachen eng Mëschung aus ireschem Folk an amerikanescher Roots Music. Nieft hirer Show haut den Owend, trieden The Henry Girls och muer nach eng Kéier op!
Afro Celt Sound System
Déi grouss Headliner vum zweeten Zeltik-Dag sinn Afro Celt Sound System - eng Band wéi dir se definitiv nach ni héieren hutt! D'Museker vermësche Westafrikanesch Rhythme mat traditioneller irescher Musek a progressiven Dance-Beats. "Eis Musek ass ni forcéiert", seet d'Formatioun vu sech selwer. An dat mierkt een definitiv och un hirer Spillfreed bei hire Live-Optrëtter, déi absolutt ustécht. Afro Celt Sound System bréngen hiren aktuellen Album "Ova" mat op Diddeleng.